Le Bity

Vu Wikipedia

Le Bity ass den Numm vun enger Skulptur vum franséische Kënschtler Olivier Blanckart aus Pappmaché, Pechpabeier an anere Materialien, déi 1998 an der Ausstellung Gare de l'Est am Casino Luxembourg ausgestallt gouf.

Si stellt eng Zort Kentaur duer, woubäi de Kierper dee vun engem Hirsch ass, deen am Gaang ass, z'urinéieren, an de Kapp an d'Broscht den deemolege franséische President Jacques Chirac duerstellen, sou, wéi en op den offizielle Fotoen (vun der Bettina Rheims) ze gesi war. Um Kapp ass e véierennegt Gewei ze gesinn, am Hannergrond ass eng Kuliss vun der Fassad vum Palais de l'Elysée.

D'franséisch Ambassade hat deemools gefrot, dat Wierk aus der Ausstellung ewechzehuelen, mä d'Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges huet d'Ausdrocksfräiheet vum Artist verdeedegt.

Bity ass den Numm vum Chirac sengem Schlass an der Gemeng Sarran (Departement Corrèze). Den Titel spillt natierlech och mam Wuert bite, ëmgankssproochlech fir Penis.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Les grands scandales de l'Art - Beaux Arts éditions 2008.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]