Lemma

Vu Wikipedia
Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Hei drënner stinn déi Artikelen, déi et fir déi verschidde Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia.

E Lemma (griichesch λήμμα, an neigriichescher Aussprooch límma oder algriichescher lēmma: "de Revenue", "dat wat erakënnt", vu lambáno, "ech faassen, ech huelen" (trans.), "ech ginn/kommen eran" (intrans.), "ech hale fest" (medial); Pluriel Lemmata) ass:

  • an der Literatur den Haaptinhalt vun engem Wierk, deen am Titel oder an engem Motto ausgedréckt gëtt; kuckt: Motto.
  • an der Lexikographie an an der Linguistik d'Stéchwuert an der Grondform vun engem Wuert; kuckt: Lemma (Lexikographie).
  • an der Mathematik meeschtens e Saz, deen hëlleft, en aneren, méi wichtege Saz, ze beweisen.
  • an der Biologie ass Plasmalemma en anert Wuert fir Zellmembran