Saz (Mathematik)

Vu Wikipedia
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Saz oder Theorem ass an der Mathematik eng widdersprochsfräi logesch Ausso, déi mat Hëllef vun engem Beweis als wouer erkannt, dat heescht aus Axiomen a scho bekannte Sätz hiergeleet ka ginn.

E Saz gëtt jee no Roll, Bedeitung oder Kontext dacks och anescht genannt:

  1. Ee Lemma ass eng Ausso, déi als Hëllefssaz nëmmen am Beweis vun anere Sätz benotzt gëtt.
  2. Ee Korrolar ass eng trivial Follgerung, déi sech aus engem Saz oder enger Definitioun ouni gréisseren Opwand erginn.
  3. De Saz am enke Sënn gëtt eng wesentlech Erkenntnis erëm.