Leoš Janáček

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Leoš Janáček mat senger Fra Zdeňka (1881).

De Leoš Janáček, gebuer den 3. Juli 1854 zu Hukvaldy a gestuerwen den 12. August 1928 zu Ostrava, war en tschechesche Komponist.

Vun Oktober 1879 bis Februar 1880 huet de Janáček um Conservatoire vu Leipzig, dono e puer méint op deem vu Wien studéiert. Hien hat virdru fir Schoulmeeschter a Museksprof studéiert, an och Uergel. 1881 gouf hien Direkter vun der Uergelschoul vu Brno; dee Posten hat hie bis zu senger Pensioun, 1919. Ausserdeem watr hie vun 1881 bis 1888 Dirigent vun der Philharmonescher Gesellschaft. 1919 gouf hien dann awer nach Direkter vum nei gegrënnte private Conservatoire vu Brno.

Seng haut bekanntst Wierer huet hie bal all an de leschten zéng Jore vu sengem Liewe geschriwwen: d'Opere Katja Kabanowa, Příhody lišky bystroušky ("De schlaue Fiisschen"), Věc Makropulos ("D'Affär Makropulos"; 1923–1925) a Z mrtvého domu ("Aus engem Doudenhaus"); déi zwéi Quartetter fir Sträicher, d'Sinfonietta an d'Glagolitesch Mass.

De Janáček huet d'Vollekslidder aus senger Heemecht gesammelt, an huet d'Sprooch vun Leit an d'Lauter aus der Natur genee analyséiert. Dëst huet sech a senge Kompositiounen erëmfonnt, wou déi sougenannt "Sproochmelodie" eng wichteg Roll gespillt huet, déi typesch fir säi Stil war. Hien huet eng ganz Theorie do ronderëm entwéckelt.

Nieft senge Kompositiounen an de Coursen déi e ginn huet, huet de Janáček regelméisseg Feuilletonen fir d'Zeitung Lidové noviny geschriwwen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Orchesterwierker
    • Suite fir Sträichorchester (1877)
    • Idyll fir Sträichorchester (1878)
    • Lašské tance (Dänz) (1889–1890)
    • Hanácké tance (Dänz) (1889–1890)
    • Suite (oder Serenade) op.3 (1891)
    • Žárlivost (Jalousie). Prelude vu Její pastorkyňa (1894)
    • Šumařovo dítě (Dem Spillmann säi Kand). Ballad fir Orchester (1912)
    • Taras Bulba. Rhapsodie fir Orchester (1915–1918)
    • Balada blanická (Blaník-Ballade). Sinfonescht Gedicht fir Orchester (1920)
    • Sinfonietta (1926)
    • Dunaj (D'Donau). Sinfonie a véier Deeler (1923–1928; net fäerdeg ginn)
    • Violinkonzert Wanderung vun enger klenger Séil (1926; Fragment)
  • Kammermusek
    • Romanz fir Gei a Piano (1879)
    • Dumka fir Gei a Piano (1880)
    • Violinsonat (1913–1921)
    • Pohádka (Mäerchen) fir Violoncello a Piano (1910; 1923 iwwerschafft)
    • Presto fir Violoncello a Piano (ëm 1910)
    • Sträichquartett Nr. 1 nom Leo Tolstoj senger Novell Die Kreutzersonate (1923)
    • Sträichquartett Nr. 2 Intim Bréiwer (1928)
    • Mládí (Jugend). Suite fir Bléisersextett (1924)
    • Concertino fir Paino a Kammerensemble (1926))
    • Capriccio fir Piano a Blosinstrumenter (1926)
  • Wierker fir Piano
    • Zdenčiny variace (Zdenka-Variatiounen). Thema con variazioni (1880)
    • Národní tance na Moravě (Volleksdänz aus Mären) (1891–1893)
    • Po zarostlém chodníčku (Op zougewuessenem Pad) (1901–1911)
    • Sonata 1. X. 1905 „Z ulice“ (Sonate 1. X. 1905 "Vun der Strooss") (1905)
    • V mlhách (Am Niwwel) (1912)
    • Vzpomínka (Erënnerung) (1928)
  • Vokalwierker
    • Rákos Rákoczy. Ballet mat Gesang (1891)
    • Hospodine! (Här hief Erbaarmen) fir Solo-Quartett, gemëschten Duebelchouer, Uergel, Harfen a Blechbléiser (1896)
    • Amarus. Lyresch Kantate fir Soli, Chouer an Orchester (1897)
    • Otče náš (Eise Papp). Kantat fir Tenor, Chouer, Uergel an Harf (1901)
    • Elegie na smrt dcery Olgy (Elegie op den Doud vun der Duechter Olga). Kantat fir Tenor, Chouer a Piano (1903)
    • Zdrávas Maria (Ave Maria) für Tenor, Chor und Orgel (1904)
    • Mass a mi majeur fir Chouer an Uergel (1907–1908, net fâerdeg ginn)
    • Na Soláni čarták (Uewen op der Kopp). Kantat fir Männerchouer mat Orchester (1911)
    • Věčné evangelium (Dat éiwegt Evangelium). Legend fir Soli, Chouer an Orchester (1914)
    • Glagolská mše (Glagolitesch Mass). Kantat fir Soli, Chouer, Orchester an Uergel (1926)
    • eng ganz Rëtsch Männer-, Fraen- a gemëscht Chéier
  • Lieder
    • Jarní píseň (Féijooschlidd) (1897; 1905 iwwerschafft)
    • Zápisník zmizelého (Dagbuch vun engem deem verschollen ass). Fir Tenor, Alt uan dräi Fraestëmme mat Piano (1917–1919)
    • eng ganz Rëtsch vu Sammlungen a Beaabechtunge vu Vollekslidder
  • Operen
    • Šárka (1887–1888; Première 1925 zu Brno), no enger Beaarbechtung aus der Dalimil-Chronik vum Julius Zeyer
    • Počátek románu (Den Ufank vum Roman), Romantesch Oper an engem Akt, 1891, Pr. 1894
    • Jenůfa (1894–1903; Pr 1904 zu Brno). Urfassung: Její pastorkyňa (Hir Fleegduechter)
    • Osud (Schicksal) (1903–1904; Pr 1958 zu Brno)
    • Výlety páně Broučkovy: 1. Výlet pana Broučka do měsíce, 2. Výlet pana Broučka do 15. století (D'Ausflich vum Här Brouček: 1. op de Mound an 2. an d'15. Joerhonnert) (Oper an 2 Deeler no Erzielunge vum Svatopluk Čech an aneren Auteuren, Pr. 1920 zu Prag.)
    • Káťa Kabanová (1919–1921; UA 1921 in Brünn)
    • Příhody lišky bystroušky (De schlaue Fiisschen) (1921–1923; Pr 1924 zu Brno)
    • Věc Makropulos (D'Affär Makropulos) (1923–1925; Pr. 1926 zu Brno)
    • Z mrtvého domu (Aus engem Doudenhaus) (1927–1928; Libretto nom Dostojewski; Pr. 1930 zu Brno)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Max Brod: Leoš Janáček Život a dílo, Hudební Matice Umělecké Besedy, Prag 1924 - deutsch: Leoš Janáček - Leben und Werk Universal Edition, Wien, Zürich, London 1956.
  • Michael Ewans: Janáček's Tragic Operas (de: Janáčeks Opern. Mit 51 Notenbeispielen. Reclam, Stuttgart 1981, ISBN 3-15-010301-0).
  • Kurt Honolka: Leoš Janáček. Sein Leben - sein Werk - seine Zeit. Belser, Stuttgart / Zürich 1982, ISBN 3-7630-9027-4.
  • Meinhard Saremba: Leoš Janáček. Zeit - Leben - Werk - Wirkung. Bärenreiter-Verlag, Kassel 2001, ISBN 3-7618-1500-X.
  • Christoph Schwandt: Leoš Janáček. Eine Biografie. Schott-Verlag, Mainz 2009, ISBN 978-3-254-08412-5.
  • Jaroslav Vogel: Leoš Janáček, Leben und Werk. (Leoš Janáček, Život a Dílo). Prag 1958.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leoš Janáček – Biller, Videoen oder Audiodateien