Leo Müller (Erfinder)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Erfinder Leo Müller. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Leo Müller.
Einfach Schnelldrockpress

De Leo Müller gebuer 1799 a gestuerwen 1844 war en Erfinder aus dem Kleinwalsertal. Hien huet d'Schnelldrockpress wiederentwéckelt an 1833 konnt duerch seng Mataarbecht an Éisträich déi éischt Press a Betrib goen.

Hien hat Schräiner geléiert a goung 1826 a Bayern wou en an der Firma vum Friedrich Koenig an Andreas Friedrich Bauer eng Plaz als Modellschräiner krut. Dës Firma huet am fréiere Klouschter Oberzell bei Würzburg Maschinne gebaut fir Zeitungen ze drécken.

Géint 1833 huet de Leo Müller zu Jenbach am Tiroul seng eege Maschinnefabrik gegrënnt a krut och dat selwecht Joer e Patent op eng technesch verbessert Press. Hien huet sech mat engem Konkurrent dem Friedrich Helbig zesummegedoen a sou konnte si zesummen a 6 Joer, 52 einfach a siwen duebel Schnellpressen am Habsburger Räich an an Däitschland ausliwweren.

Am Joer 1843 ass den Helbig gestuerwen, an d'Joer drop de Leo Müller, an d'Firma gouf 1860 opgeléist.