Li Jiang
Ausgesinn
|
| |
| Längt | 164 km |
|---|---|
| Fläch vum Anzuchsgebitt | 19.025 km² |
|
| |

De Li Jiang, och Li-Floss genannt, ass en 164 km laange Floss an der Volleksrepublik China, deen op enger Längt vun 83 km vu Guilin aus bis Yangshuo mat Touristeschëffer ka befuer ginn. En ass eng vun de groussen Touristenattraktiounen vu China.
Op den zwou Säite vum Li-Floss si Kalleksbierger, déi meeschtens eng ofgeflaacht Form hunn. Well de Kalleksteen (Karst) brécheg ass a sech zersetzt, hu sech do vill Hielen, Hiwwelen a Formatioune gebilt, déi all kuckeswäert sinn. Vill chineesesch Moler hu sech vun dëse Landschaftsbiller inspiréiere gelooss. Et fënnt een déi Landschaften och op chineesesche Seidebiller erëm.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Guilin a Li
- Guilin a Li
- Guilin a Li
- Guilin a Li
- Guilin a Li
- Guilin a Li
- Guilin a Li
- Yangshuo um Li
- Yangshuo um Li
- Den „Elefanterüssel“
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Li Jiang – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Laf vum Li Jiang op openstreetmap
