Liichttuerm Les Pierres-Noires

Vu Wikipedia
Les Pierres Noires
Den Tuerm bei guddem Wieder

Den Tuerm bei guddem Wieder
Den Tuerm bei guddem Wieder
Positioun : 48° 18’ 07’’ N
      04° 54’ 07’’ W
Lokalisatioun : Inselgrupp Molène, Finistère, Frankräich
Baujoer : 1882 bis 1887
Héicht : 28 m
Héicht iwwer Mier : 30,5 m
Liichtwäit : 19,5 Séimeilen
Feier : Reegelméisseg rout Blëtzer all 5 Sekonnen
Optik : Lëns 1/4, Brennwäit 50 cm, ∅ 3 m
Lanter : Halogen 250 W
Akustescht Signal : Vibrateur ELAC-ELAU 2200 (2 Téin, 60 Sekonnen)
Ka besicht ginn : neen
Bewunnt : neen
Automatisatioun : 1992

De Liichttuerm Les Pierres-Noires gouf tëscht 1867 an 1871 südlech vun der Inselgrupp Moléne am Atlantik gebaut. En ass ronn 6,7 Séimeile vun der fransésicher Küst ewech.

De Phare goung den 1. Mäerz 1872 a Betrib.

Den Tuerm ass mat zwou Zorte gehaene Granitsteng gebaut, mat Granit vun Aber-Ildut a vu Kersanton.

Am Dag kann een den Tuerm u senge Faarwen erkennen, vun ënne bis an d'hallef Héicht wäiss, duerno rout bis an d'Spëtz. Nuets blénkt en all 5 Sekonne rout.

De Liichttuerm ass zanter 1992 automatiséiert an e gëtt vum Liichttuerm Créac'h vu Ouessant aus gesteiert.