Op den Inhalt sprangen

Liichttuerm Westerheversand

Vu Wikipedia
Liichttuerm Westerheversand
Geographesch Donnéeën
Land Däitschland
Departement Schleswig-Holstein
Regioun/Gemeng Westerhever
Geographesch Lag Nationalpark Schleswig-Holsteinisches Wattenmeer
Läit um Waasser Wattemier
Koordinaten 54° 22’ 24.2’’ N
      08° 38’ 23.6’’ O
Héicht 40 m
Status Kulturdenkmal a Schleswig-Holstein
Datum vum Bau 1907
Technesch Donnéeën
Héicht vum Liichtfeier 41 m
Liichtwäit 21
Lanter 2.000-Watt-Xenon-Kuerzbouluucht
Liichtfeier Oc(3) WRG 15s
Ka besicht ginn Jo

De Liichttuerm Westerheversand ass e Liichttuerm am däitsche Bundesland Schleswig-Holstein, op der Nordmierküst.

E steet op enger Warft (engem opgekéipten Hiwwel) virun der Uertschaft Westerhever, op der Hallefinsel Eiderstedt an der Gemeng Westerhever, ronn ee Kilometer vum Däich ewech.

D'Gebai ass 40 Meter héich, d'Feier uewendrop op enger Héicht vun 41 Meter. D'Luucht ka ronn 21 Séimeilen (eng 39 Kilometer) wäit gesi ginn.

Den Tuerm gouf tëscht 1906 an 1908 gebaut an de 26. Mee 1908 a Betrib geholl. Zënter 1975 gëtt e vun enger 2.000-Watt-Xenon-Kuerzbouluucht mat enger Liichtstäerkt vun 183.000 Candela beliicht.

Zënter 2001 kann een den Tuerm besichen.

  • Michael Pasdzior, Jens Meyer-Odewald: Leuchtturm Westerheversand – Eine Reise durch Licht und Zeit. Eiland, Westerland 2007, ISBN 3-940133-19-1
 Commons: Liichttuerm Westerheversand – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]