Liichttuerm vun Ouistreham

Vu Wikipedia
Liichttuerm vun Ouistreham
 

 
 
Positioun : 49° 16’ 50’’ N
      00° 14’ 52’’ O
Lokalisatioun : Ouistreham, Calvados, Frankräich
Baujoer : 1905
Héicht : 38 m
Liichtwäit : 16 Séimeilen
Feier : E wäisse Blëtz (3 Sekonnen)
mat enger Sekonn Paus.
E roude Secteur weist d'Direktioun
vun de Klippen
Optik : Hallef-Fresnel-Lëns
Lanter : Halogen
Ka besicht ginn : Jo
Bewunnt : Jo

De Liichttuerm vun Ouistreham ass en zylinderfërmegen Tuerm deen um Festland steet. En ass 38 Meter héich a rout a wäiss ugestrach.

Dëse Liichttuerm deen 1905 a Betrib goung, huet en ale véiereckegen Tuerm, mat 13 m Héicht vun 1886 ersat.

Den Tuerm bewaacht d'Mëndung vun der Orne an e ka 16 Séimeile wäit gesi ginn.

Iwwer 171 Träppleken aus Granit vu Vire kënnt een op seng Plattform. En ass automatiséiert, et wunnt e Wiechter dran, an et kann een e vu banne kucke goen.

Am Summer 2005, wéi e seng honnert Joer gefeiert huet gouf e Liichtspill um Tuerm installéiert dat d'Basis vum Tuerm beliicht. Dëst changéiert d'Faarf mat der Héicht vum Mier. Bei Flut ass d'Liicht blo, a soss wäiss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]