Linn 1 (Paräisser Metro)

Vu Wikipedia
Metro 1
Opgaangen 1900
Lescht Erweiderung 1992
Bedriwwe vun RATP
Typ vu Conduite Schofer (PA)
Material MP 89 CC
Statiounen 25
Längt 16,5 km
Frequentatioun 161,6 Milliounen (Pass. pro Joer)

D'Linn 1 ass eng vun de Paräisser Metroslinnen. Dës éischt Linn, wou den éischten Deel am Joer 1900 opgaangen ass, verbënnt haut d'Statiounen La Défense — Grande Arche an Château de Vincennes. Mat hire 16,5 km Längt ass dës Linn eng wichteg "Ost-West"-Verbindung zu Paräis.

Den 19. Juli 1900 ass am Kader vun der Weltausstellung en éischten Deel tëscht der Porte Maillot an der Porte de Vincennes opgaangen. Bei der Erëffnung huet dës Linn nëmmen 8 Statiounen, weider 10 Statioune sinn tëscht dem 6. August an dem 1. September 1900 opgaangen. D'Linn follegt der monumentaler Ost-West-Achs vu Paräis. Am Mäerz 1934 gouf d'Linn ëstlech bis bei de Château de Vincennes erweidert an 1937 westlech bis zum Pont de Neuilly. Am Abrëll 1992 huet d'Linn mat der Statioun La Défense — Grande Arche en neien Terminus kritt.

Statiounen[änneren | Quelltext änneren]

Paräisser Metro / Linn 1
La Défense - Grande Arche - Esplanade de la Défense - Pont de Neuilly - Les Sablons - Porte Maillot - Argentine · Charles de Gaulle - Étoile - George V - Franklin D. Roosevelt - Champs-Élysées - Clemenceau - Concorde - Tuileries - Palais Royal - Musée du Louvre - Louvre - Rivoli - Châtelet - Hôtel de Ville - Saint-Paul - Bastille - Gare de Lyon - Reuilly - Diderot - Nation - Porte de Vincennes - Saint-Mandé - Bérault - Château de Vincennes

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paris Metro Ligne 1 – Biller, Videoen oder Audiodateien