Léiw vu Belfort

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lion de Belfort)
De stengene Léiw vu Belfort

De Léiw vu Belfort, e stengent Monument ass de Symbol vun der franséischer Stad Belfort am Territoire de Belfort.

De Léiw soll un d'Resistenz vun de Belfortains ënner dem Colonel Denfert-Rochereau am Franséisch-Preisesche Krich tëscht dem Dezember 1870 an dem Februar 1871 erënneren.

De Léiw ass vum Sculpteur Frédéric Auguste Bartholdi aus Grès rose de Pérouse geschaf ginn, an dat tëscht 1872 an dem September 1879. Zu enger offizieller Aweiung koum et net, well sech d'Stad mam Kënschtler wéinst Eenzelheeten zerbalegt hat. Den 20. Abrëll 1930 gouf d'Léiwemonument Monument historique deklaréiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: De Léiw vu Belfort – Biller, Videoen oder Audiodateien