Frédéric-Auguste Bartholdi

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Frédéric Auguste Bartholdi)
Frédéric-Auguste Bartholdi
Gebuertsnumm Frédéric Auguste Bartholdi
Pseudonym Amilcar Hasenfratz
Gebuer 2. August 1835
Colmar
Gestuerwen 4. Oktober 1904
6. Arrondissement
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Louis-le-Grand
Aktivitéit Sculpteur, Moler

De Frédéric-Auguste Bartholdi, gebuer den 2. August 1834 zu Colmar a gestuerwen de 4. Oktober 1904 zu Paräis, war e franséische Sculpteur. Säi bekanntst Wierk ass d'Fräiheetsstatu op der Liberty Island, New Jersey, virun New York.

Aner bekannt Wierker sinn de Lion de Belfort zu Belfort an eng Statu vum Vercingetorix zu Clermont-Ferrand.

D'Iddi vun der Fräiheetsstatu goung zeréck op de Politiker Édouard René Lefebvre de Laboulaye, dee mat sengem Veräin dofir militéiert huet, de Vereenegte Staate fir den 100. Anniversaire vun hirer Onofhängegkeet eng kolossal Statu ze schenken. De Bartholdi huet alles gemaach fir dat ëmzesetzen. Den Ingenieur Maurice Koechlin huet d'Drokonstruktioun fir d'Monument entworf; déi eleng 127 Tonne weit.

Am Summer 1884 waren déi 300 eenzel Kofferplacken, aus deenen d'Monument zesummegesat war, fäerdeg an et konnt zerluecht an an 200 Këschte verpaakt an Amerika geschéckt ginn, wou et op Liberty Island opgeriicht an den 28. Oktober 1886 ageweit gouf. Am Ufank housch et nach Barholdi Statu. Et gëtt zu Paräis (ë. a. am Jardin du Luxembourg an op der Île des Cygnes), zu Colmar an zu Los Angeles méi kleng Modeller, respektiv Kopië vun der Statu.

Galerie vu verschiddene vu senge Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Frédéric Auguste Bartholdi – Biller, Videoen oder Audiodateien