Louche

Vu Wikipedia
Eng Aluminiumslouche

Eng Louche ass e Kichegeschier, mat deem ee flëssege Kascht, z. B. Zoppen, aus dem Dëppen an en Teller oder an eng Jatt zerwéiert.

Eng Louche huet e laange Still mat ënnendrënner engem konkaven, meescht hallefronne Behälter, mat deem een d'Flëssegkeet ophëlt. Heiansdo ass do drun e klenge Schniewel op enger Säit, fir beim Erausschëdden net ze sabbelen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Louchen – Biller, Videoen oder Audiodateien