Lucio Dalla

Vu Wikipedia
Lucio Dalla
Gebuer 4. Mäerz 1943
Bologna
Gestuerwen 1. Mäerz 2012
Montreux
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Schauspiller, Liddermécher, Komponist, Filmkomponist

De Lucio Dalla, gebuer de 4. Mäerz 1943 zu Bologna a gestuerwen den 1. Mäerz 2012 zu Montreux, war en italiensche Museker, dee seng eege Lidder gesongen huet (Cantautore).

Hien huet mat 14 Joer ugefaangen, Klarinett ze léieren an huet seng Karriär bei der Reno Dixieland Band zu Bologna ugefaangen. Zanter 1964 séngt hien och, am Ufank virun allem Soulmusek.

Ee vu senge bekanntste Lidder, Caruso (1986), en Hommage un den Operesänger Enrico Caruso, gouf vun enger Rëtsch anere Sänger gecovered, wouvun d'Versioune vum Luciano Pavarotti a vum Andrea Bocelli a Milliounenoplo verkaaft goufen.

En anert Stéck mat groussem Succès war Attenti al Lupo um Album Cambio (1990), vun deem der eleng an Italien 1.400.000 verkaaft goufen.

Den Dalla ass op enger Tournee, moies no engem Concert den Dag virdrun, un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1966: 1999
  • 1970: Terra Di Gaibola
  • 1971: Storie Di Casa Mia
  • 1973: Il Giorno Aveva Cinque Teste
  • 1974: Dalla/De Gregori/Monti/Venditti live
  • 1975: Anidride Solforosa
  • 1976: Automobili
  • 1977: Com'è Profondo Il Mare
  • 1979: Lucio Dalla
  • 1979: Banana Republic Con Francesco De Gregori
  • 1981: Q Disc
  • 1983: 1983
  • 1984: Viaggi Organizzati
  • 1986: Bugie
  • 1986: Dallamericaruso
  • 1988: Dalla-Morandi
  • 1990: Cambio
  • 1991: Amen
  • 1993: Henna
  • 1995: The Best Of Lucio Dalla
  • 1996: Dalla
  • 1996: Canzoni
  • 1997: 2 Dance
  • 1998: Gli Anni 70
  • 1998: Enzo Re
  • 1998: TheE Collection
  • 1999: Ciao
  • 2001: Luna Matana
  • 2002: Gli Anni 60
  • 2002: Caro Amico Ti Scrivo
  • 2003: Lucio
  • 2006: 12000 Lune
  • 2007: Il Contrario Di Me
  • 2008: LucioDallaLive - La neve con la luna
  • 2009: Angoli nel cielo
  • 2010: Work in Progress (mit Francesco De Gregori)
  • 2011: Questo è Amore

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lucio Dalla – Biller, Videoen oder Audiodateien