Lux by Night

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Entête vu Lux by Night

Lux by Night ass eng lëtzebuergesch Gratiszäitschrëft, déi 2012 gegrënnt gouf. Si ass am Géigesaz zu deenen anere Gratiszäitschrëften zu Lëtzebuerg gréisstendeels op Däitsch a gëtt an engem klenge Format vun 10,5 op 15 cm gedréckt. Lux by Night riicht sech eegenen Aussoen no u Leit tëscht 16 a 40 Joer. Haapttheme si Lifestyle, Trend an Erausgoen. Et kann een d'Zäitschrëft an ëffentlechen a privaten Ariichtungen am Groussraum Lëtzebuerg, zu Tréier an an der Ëmgéigend fannen.[1]

D'Redaktioun huet hire Sëtz an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte zu Diddeleng.[2] Lux by Night huet eng Oplo vun 10.000 Exemplairen a kënnt all éischten Dag vum Mount eraus.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Presentatioun vun Lux by Night (gekuckt den 30. August 2012)
  2. festivalduchatnoir.com: "LuxByNight: Magasine gratuit événementiel au Luxembourg" (gekuckt den 30. August 2012)