Op den Inhalt sprangen

Luxembourg Jazz Orchestra

Vu Wikipedia

De Luxembourg Jazz Orchestra, gekierzt LJO, ass eng lëtzebuergesch Bigband, déi am November 1993 hiren Ufank hat, wéi den Ernie Hammes d'Bigband ënner dem Numm Tribute to Jazz Big Band fir déi 1993er Edition vum Printemps musical gegrënnt huet.

Et goung drëms fir déi bescht Jazzmuseker zesummenzebréngen, fir déi lëtzebuergesch Jazz-Zeen ze presentéieren a fir international Jazz-Stare professionell begleeden ze kënnen.

Hire Repertoire ëmfaasst all d'Jazz-Stiler vum traditionelle Swing bis zum Hard-Bop.