Lycée technique privé Émile-Metz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Lycée technique privé Émile-Metz zu Dummeldeng (2007)
D'Erënnerungsplack

De Lycée technique privé Émile-Metz, a Kuerzform LTPEM, huet de 4. November 1914 fir d'éischt seng Dieren opgemaach. Dëst war méiglech nodeem d'Edmée Metz-Tesch der ARBED eng bedeitend Geldstëftung vermaach huet, fir zu Éiere vun hirem verstuerwene Mann Émile Metz zu Dummeldeng eng Wierksschoul ze grënnen, déi als Institut Émile-Metz säin Numm sollt droen. Zil war et, d'Situatioun vun der Aarbechterklass duerch eng besser Ausbildung ze verbesseren.[1]

Haut (2008) ass den LTPEM e modernen technesche Lycée mat méi wéi 500 Schüler.

Am Haff vum Institut steet e Monument mat enger Dankbarkeetserklärung un d'Madame Edmée Metz-Tesch. Den LTPEM ass déi eenzeg Schoul zu Lëtzebuerg wou een eng Ausbildung als Fligermecanicien maache kann.

Gestioun[änneren | Quelltext änneren]

De Lycée gëtt zanter 1995 vun der A.s.b.l. Fondation LTPEM verwalt, déi am Juli 1995 vun der Fondation Veuve Emile Metz-Tesch a vun der Chambre de commerce gegrënnt gouf.[2] De Verwaltungsrot besteet aus siwe Memberen:

  • dräi Administrateuren, déi vum Lëtzebuerger Staat genannt ginn;
  • een Administrateur, dee vun der Fondation Veuve Emile Metz-Tesch genannt gëtt;
  • een Administrateur, dee vun der Chambre de commerce genannt gëtt;
  • zwéin Administrateuren, déi vun ArcelorMittal genannt ginn;

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

  • ...
  • ????-2003:
  • 2003-2009: René Tissier
  • 2009-2010: Armand Lengler
  • 2010-haut: Théo Thill

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lycée technique privé Émile-Metz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Op der Internetsäit iwwer d'Geschicht vun der Schoul steet: « Madame Veuve Emile Metz-Tesch décide en 1913 de créer l'Institut Emile Metz dont le but est le développement physique et moral de la classe ouvrière et l'amélioration de sa situation matérielle. »
  2. De Veräin gouf den 19. Juli 1995 gegrënnt. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial Nr. 542, Säit 26009.