MOA-2007-BLG-192Lb

Vu Wikipedia
Exoplanéit
MOA-2007-BLG-192Lb
Eng kënschtleresch Impressioun vum MOA-2007-BLG-192Lb, deen ëm säin Zwergstär kreest.
Stärebild: Sagittarius (Sgr)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 18 h 08 m 04 s
Deklinatioun - 27° 09' 00"
Visuell Magnitude
Orbitdaten
Zentralstär MOA-2007-BLG-192L
Grouss Hallefachs - AE
Exzentrizitéit -
Ëmlafdauer ? Deeg
Ëmlafvitess ?
Physikalesch Eegenschaften
Radius ? Äerdradien
Mass: 3,3 Äerdmass
Temperatur ? Kelvin
Distanz a Liichtjoer 3000 Lj
Geschicht
Entdecker Bennett et al.
Entdeckungsjoer 30. Mee 2008

De MOA-2007-BLG-192Lb ass en Exoplanéit, deen ëm den Zwergstär MOA-2007-BLG-192L am Stärebild Sagittarius kreest. Hien ass ronn 3.000 Liichtjoer vun eis ewech an huet ongeféier 3,3 Äerdmassen. Domat ass et ee vun de klengste bekannten Exoplanéiten. De MOA-2007-BLG-192Lb gouf den 30. Mee 2008 entdeckt.

Charakteristika[änneren | Quelltext änneren]

De MOA-2007-BLG-192Lb kreest ëm säi Stär ongeféier op der selwechter Distanz wéi d'Venus an eisem Sonnesystemt. De Stär huet ronn sechs bis aacht Prozent vun der Sonnemass. Mat där Mass läit hien am Grenzberäich tëscht engem richtege Stär, déi per Kernfusioun Waasserstoff zu Helium verschmëlzen, an engem brongen Zwerg.

No der Duerstellung vun de Fuerscher schimmert den Zwergstär schwaach a fliederfaarweg um Himmel vum MOA-2007-BLG-192Lb. Baussenzeg vun der Planéitenatmosphär si kal Temperaturen, déi ongeféier déi selwecht sinn mat deene vum Zwergplanéit Pluto. Den MOA-2007-BLG-192Lb huet awer warscheinlech eng déck Atmosphär, déi héich Temperaturen erméiglecht.

Observatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Observatioun vu sou engem Exoplanéit ass nëmmen indirekt méiglech, well den Objet vill ze kleng a liichtschwaach ass, fir hien direkt ze gesinn. Déi benotzte Method fir d'Observatioun heescht Mikro-Gravitatiounslënseneffet (engl. Mikrolensing). Dofir hu missen d'Äerd, den z'observéierende Planéit mat sengem Mammestär an een dohannert leiende Stär beim Entdeckungszäitpunkt an enger Linn leien.

No engem Effet vun der Allgemenger Relativitéitstheorie huet den z'observéierende Planéit d'Liicht vun deem dohannert leiende Stär gebëndelt wéi e Brennglas. Doduerch huet déi relativ Beweegung vun MOA-2007-BLG-192Lb an dem Hannergrondstär zu enger kuerzfristieger Hellegkeetsschwankung gefouert, déi vu Gravitatiounseffeten staamen. Eng genee Analys vun den Hellegkeetsschwankungen hat et erméiglecht, d'Mass vum Planéit a sengem Stär ze bestëmmen.

Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Bis zu der Entdeckung vum MOA-2007-BLG-192Lb hat een nach ni e Planéit fonnt, deen ëm e Stär mat manner wéi 20 Prozent vun der Sonnemass kreest. Déi besonnesch Bedeitung ergëtt sech aus der Méiglechkeet, datt ee sou no Exoplanéiten mam neien James Webb Space Telescope direkt observéiere kéint. Bis elo konnt ee sou Planéiten nëmmen indirekt observéieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]