Maark: Ici fut repoussé l'envahisseur 1918

Vu Wikipedia
Maark beim Fort de la Pompelle an der Marne

D'Maarken Ici fut repoussé l'envahisseur 1918 dacks mam Numm Borne Vauthier ze fannen, sinn Erënnerungsmaarken déi nom Éischte Weltkrich op der ganzer Frontlinn opgestallt goufen, fir déi Plazen ze markéieren, op deenen de Virmarsch vun der däitscher Arméi gestoppt gouf a wou duerno jorelaang e Stellungskrich bedriwwe gouf.

Et si kleng pyramidefërmeg Maarken aus modeléiertem Sandsteen (H=129 cm L=86 cm, B=59  cm) . Op der Maark ass e franséischen Arméishelm deen op enger Lorberkroun läit. Op der rietser a lénkser Säit sinn eng Feldfläsch an eng Këscht fir eng Gasmask ze gesinn déi a Rimmer hänken, et kënnen awer och alt mol aner Attributer sinn. Um Fouss ass op all Eck eng Handgranat aus där e Palmeblat erauskuckt. Op der viischter Säit steet, am Lorberkranz, den Numm vun der Plaz wou se steet (oder stoung)[1] mat ënnendrënner:
Ici
fut repoussé
l'envahisseur
1918
Touring Club de France

D'Maarke goufen tëscht 1921 an 1927 op der ganzer Frontlinn op Initiativ vum franséische Kënschtler a Poilu, Paul Moreau-Vauthier, opgestallt. D'Iddi gouf vum Touring club de France a vum Touring club royal de Belgique ënnerstëtzt an de Marschall Pétain hat eng Lëscht mat 240 Plazen opgestallt déi d'Frontlinn sollte markéieren. Schliisslech gouf nëmmen d'Hallschent realiséiert, vun deenen der haut nach 97 existéieren.

D'Maarke goufe vun der Nordséi bis op d'Schwäizer Grenz opgestallt, dovun 22 an der Belsch a 96 a Frankräich. Déi éischt gouf den 11. November 1921, um drëtte Joresdag vun der Armistice zu Château-Thierry gesat, well dat déi éischt Stad war déi bei der franséischer Konteroffensiv am Juli 1918 vum Generol Mangin vun de preiseschen Truppe befreit gouf an déi lescht gouf 1927 um Hartmannswillerkopf gesat.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. en ettlech gëtt et net méi oder stinn net méi op der Originalplaz