Mac OS

Vu Wikipedia
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Mac OS ass e Markennumm, deen déi US-amerikanesch Firma Apple Inc. fir hir Betribssystemer op Macintoshcomputere benotzt. "Macintosh" gëtt och als "Mac" ofgekierzt. "Mac OS" kënnt vum Begrëff Macintosh Operating System (Macintosh-Betribssystemer), obwuel dee Begrëff esou ni offiziell benotzt gouf.

Apple entwéckelt zënter 1984 Betribssystemer fir Macintosh. Si baséieren op enger grafescher Benotzeruewerfläch (graphical user interface).

Deen éischte Betribssystem ass haut als Classic Mac OS bekannt. E gouf 1997 offiziell a "Mac OS" ëmbenannt a war bis 2002 op all Macintosh virinstalléiert. E gouf gelueft, well en einfach ze benotze war, mee och kritiséiert well en technesch net esou avancéiert war wéi d'Konkurrenz.

Den aktuelle Mac-Betriebssystem ass macOS, deen ursprénglech bis 2012 "Mac OS X" a bis 2016 "OS X" geheescht huet. Mac OS X gouf tëscht 1997 an 2001 entwéckelt, nodeems Apple den amerikanesche Computer- a Softwareproduzent NeXT opkaaft huet. En huet eng komplett nei Computerarchitektur mat sech bruecht, déi op NeXTSTEP, engem Unix-System baséiert, a vill vun den techneschen Erausfuerderunge vum klassesche Mac-Betribssystem eliminéiert huet. Den aktuelle macOS ass op all Mac virinstalléiert a gëtt all Joer aktualiséiert. En ass d'Grondlag vun der aktueller Systemsoftware vun Apple fir seng aner Apparater: iOS, iPadOS, watchOS an tvOS.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Macintosh Operating System – Biller, Videoen oder Audiodateien