Madurodam

Vu Wikipedia
Madurodam

Madurodam ass e Fräizäitpark bei Den Haag am Staddeel Scheveningen an ass eng vun de gréissten touristeschen Attraktioune an Holland.

D'Anlag ass 18.000 m2 grouss an et fënnt een iwwer 300 Modeller vu Gebaier aus Holland oder soss an der Welt am Moossstaf 1:25. Eng ganz Parti ass animéiert.

Mat dem Bau vun der Anlag ass 1950 ugefaange ginn an 1952 ass de Park opgaangen. Mam Bau vun dësem Park wollt d'Famill Maduro un hire Jong erënneren, de Läitnant George Maduro, deen 1945 am KZ Dachau ëmkomm ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Madurodam – Biller, Videoen oder Audiodateien
Evoluon-Modell am Madurodam-Fräizäitpark zu Den Haag