Magne

Vu Wikipedia
D'Magne bei Prayon

D'Magne ass eng belsch Baach an de Gemenge Soumagne, Olne an Trooz an der Provënz Léck. Et ass e rietsen Niewefloss vun der Vesdre.

D'Baach huet hir Quellen um Plateau de Herve, südëstlech vun Herve, op enger Héicht vun 290 Meter. Do heescht se am Ufank Ruisseau du Hac, duerno Ruisseau du Hoc, fir no dem Passage ënner der Nationalstrooss 621 op der Héicht vu Fays de José den Numm Magne ze kréien.

Se leeft praktesch de ganzen Zäit a südwestlecher Richtung laanscht oder duerch d'Uertschafte Soumagne a La Neuville.

Nodeem se laanscht La Neuville ass verléisst se de Plateau fir dann an engem schmuelen Dall mat staarkem Gefäll op Prayon, a gläich duerno op enger Héicht vun 90 Meter an d'Vesdre ze lafen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Magne – Biller, Videoen oder Audiodateien
Den Dall vun der Magne am ieweschte Laf viru Soumagne