Magrée

Vu Wikipedia
D'Magrée vun der Bréck vun der Rue du Pas Bayard gesinn

D'Magrée op der topographescher Kaart vum belschen ING als Ruisseau de Tavier ze fannen, ass eng belsch Baach am Weste vun der Provënz Léck.

Si entsteet am Nordoste vun Tavier, op enger Héicht vun 182 Meter, duerch den Zesummelaf vun zwou klenge Baachen, dem Ruisseau de Moulin an dem Ruisseau du Fond de Sart. Se leeft vun do aus no Nordosten tëscht den Uertschafte Berleur a Limont, weider bis op de Lieu-dit Hout-Si-Plou wou se ënner der N638 erduerch leeft. Ënnerwee huet se vu lénks de Ruisseau de Botinfosse an de Ruisseau de Plainevaux bäikritt. Vun do u leeft se an engem schmuelen Dall weider bis op Esneux fir do op enger Héicht vun 88 Meter an d'Ourthe ze lafen. Op deene leschten 3 km ännert se nach eng Kéier den Numm, an heescht do Ruisseau de Martin.

Si ass am Ganzen 9 km laang.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Magrée – Biller, Videoen oder Audiodateien