Maitrank

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Maitrank (oder Meedrank) ass e Gedrénks aus der Géigend vum Areler Land. De Maitrank gëtt mat engem Gemësch vu wäissem Wäin, e bësse Cognac, Zocker, Orangen a mat den aromatesche Bléie vum Meekräitchen (Galium odoratum), wat an de Bëscher an där Regioun wiisst, ugesat. Well d'Meekräitchen nëmme vu Mee bis Juni blitt, gëtt dëst Gedrénks och nëmmen déi Zäit produzéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Gielche vun der Confrérie du Maitrank vun Arel

Et ass net kloer zanter wéini et dëst Gedrénks scho gëtt. De Maitrank gouf fir d'éischt 854 vun engem Pater vu Prüm ernimmt. D'Pateren hunn d'medezinesch Eegenschafte vum Meekräitche scho laang kannt. Si hunn hire Wäin dofir mat Meekräitchen ugesat an am Fréijoer gedronk fir de Kierper nom Wanter z'entgëften. Si hunn hire Gäscht an den Awunner aus der Regioun de Maitrank ze schmaache ginn a sou ass d'Gedrénks bekannt ginn.