Makroobjektiv

Vu Wikipedia

E Makroobjektiv ass e Wiesselobjektiv fir Spigelreflex-Fotoapparaten, dat korrigéiert ass, fir optesch am Beräich vun der Makrofotografie optimal ofzeliichten.

Bei normale moderne Makroobjektiver ass et méiglech, ouni zousätzlech Fotosgeschier e Reproduktiounsmoosstaf vun 1:1 z'erreechen. Eeler Modeller si bis op 1:2 komm.

Bis op speziell Ausnamen hu Makroobjektiver eng fest Brennwäit, meeschtens ëm 60–70 mm, 100–105 mm an 180–200 mm.

E Fall fir sech[änneren | Quelltext änneren]

MP-E 65mm 1:2.8 1-5x Macro Foto vu Canon

Fir Reproduktiounsmoossstief tëscht 1:1 a 5:1, also eng Vergréisserung vu fënnefmol, huet Canon en Objektiv an hirem Katalog, dat allerdéngs net autofokusséiert.