Op den Inhalt sprangen

Mandi Safar

Vu Wikipedia
Mandi Safar am Duerf Air Hitam Laut an der indoneesescher Provënz Jambi. Männer brénge Mangoblieder, déi mat Koranverse beschriwwe sinn, op d'Plage.

Mandi Safar („Safar-Bued“) ass eng malaiesch reliéis Zeremonie, déi de leschte Mëttwoch vum zweeten islamesche Mount Safar ofgehale gëtt. Et besteet doran, deen Dag mueres op der Plage zesummen ze bueden oder Waasser ze drénken, dat Seege brénge soll an dat iwwer Koranversen op Pabeier oder klengen Tafele lafe gelooss an dann opgefaange gouf. Dëst Waasser gëtt da Safar-Waasser (air safar) genannt.[1] Dëse Brauch, deen a verschiddene Géigenden de Charakter vun engem Volleksfest huet, ass op der malaiescher Hallefinsel, a Singapur an an der Provënz Jambi an op de Riau-Inselen an Indonesien verbreet. A Malaysia a Singapur gouf en allerdéngs 1963 zu enger „onerlaabter Neierung“ erkläert.

De leschte Mëttwoch vum Mount Safar goufen, resp. ginn an anere Regioune vun der islamescher Welt änlech Fester gefeiert.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Muhammad Mushfique Bin Ahmad Ayoup: Irsyad Al-Hadith Siri ke-210: Amalan Mandi Safar Büro vum Mufti vun der Bundesterritoriumssektioun vum malaysesche Premierminister 16. August 2017.