Marco Polo

Vu Wikipedia
Marco Polo
Gebuer 15. September 1254 jul.
Venedeg
Gestuerwen 8. Januar 1324 jul.
Venedeg
Aktivitéit Händler, Explorateur, Diplomat, Ambassadeur, Schrëftsteller, Reesenden, Entreprener
Famill
Papp Niccolò Polo

De Marco Polo, gebuer ëm 1254 an den 9. Januar 1324 zu Venedeg gestuerwen, war e venezianeschen Entdecker.

Dem Marco Polo säi Papp a säi Monni ware räich Händler vu Venedeg, déi an de Joren 1260 bis 1269 op enger abenteuerlecher Handelsrees bis a China koumen. Do ware si un den Haff vum Grousskhan Kubilai komm an haten him versprach geschwënn erëmzekommen.

1271 huet de Marco Polo säi Papp a säi Monni op hirer Rees begleet, déi si schliisslech nees op den Haff vum Kubilai gefouert huet. De Marco Polo gouf vum Kubilai, deen iwwer China an d'Mongolei geherrscht huet, geschat an ass bal 20 Joer dobliwwen an huet d'Provënze vum Kubilai sengem Räich all besicht.

1292 hunn d'Poloen eng Rees vun enger mongolescher Prinzessin, déi a Persien gereest ass fir sech do ze bestueden, benotzt fir d'Heemrees unzetrieden a si sinn 3 Joer méi spéit, no Statiounen an Indien, Ceylon, Iran a Klengasien, an Italien ukomm.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Marco Polo: Il Milione - Die Wunder der Welt, 1983, Manesse Verlag, Zürich. Iwwersat aus alfranséischen a laténgesche Quelle vun der Elise Guignard.

Fir ze lauschteren[änneren | Quelltext änneren]

Marco Polo: Il Milione. Der Mythos einer abenteuerlichen Reise., gelies vum Joachim Höppner, der Anja Buczkowski an dem Christian Hoenig. Oktober 2004, Komplett Media Verlag. 4 CDen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marco Polo – Biller, Videoen oder Audiodateien