Maria Stuart

Vu Wikipedia
Maria Stuart
Gebuer 8. Dezember 1542 jul.
Gestuerwen 8. Februar 1587
Doudesursaach Käppen
Aktivitéit Politiker, Aristokrat, Kinnigin, Kinnigin
Famill
Kanner James I.
D'Mary Stewart (ëm 1558)

D'Maria Stuart, gebuer den 8. Dezember 1542 als Mary Stewart am Linlithgow Palace a gestuerwen den 8. Februarjul./ 18. Februar 1587greg. op Fotheringhay Castle, war vum 14. Dezember 1542 bis de 24. Juli 1567 als Maria I. Kinnigin vu Schottland an duerch hiert Bestietnes mam François II. vu 1559 bis 1560 och Kinnigin vu Frankräich. Dësen ass fréi gestuerwen, a si war mat 17 Joer Wittfra.

1561 goung si zeréck a Schottland.

Si huet sech do eng zweet Kéier bestuet, mä wéi hire Mann, de Lord Darnley am Februar 1567 ermuert gouf, gouf si matverdächtegt, dohannert ze stiechen, sou datt s'am Loch Leven Castle gefaange gesat gouf a gezwonge gouf, zu Gonschte vun hirem Jong James I. ofzedanken.

Am Mee 1568 konnt si fortlafen a goung an England an den Exil. Do war si an de Joren duerno am Konflikt mat hirer Kusin, der Kinnigin Elisabeth I. Wéi d'Maria Stuart verdächtegt gi war, en Attentat op déi englesch Kinnigin geplangt gehat ze hun, gouf si 1587 wéinst Houverrot higeriicht.

Hiert Liewe gouf an der Literatur, der Musek an am Film dacks noverzielt.