Mark Spitz
Ausgesinn
| Mark Spitz | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Mark Andrew Spitz |
| Gebuer |
10. Februar 1950 Modesto |
| Nationalitéit | USA |
| Educatioun | Indiana University Bloomington |
| Aktivitéit | Schwëmmer |
| Gréisst | 1,83 m |
| Huet matgemaach bei |
Olympesch Summerspiller 1972, Olympesch Summerspiller 1968 |
| Gielercher | International Swimming Hall of Fame |
|
| |
De Mark Andrew Spitz, gebuer den 10. Februar 1950 zu Modesto, Kalifornien, ass e fréieren US-amerikanesche Schwëmmer.
Hien ass bekannt dofir, op den Olympesche Summerspiller 1972 zu München siwe Goldmedaile gewonnen an dobäi all Kéier de Weltrekord gebrach ze hunn.
- 200 m Papillon an 2:00,70 Minutten (28. August 1972)
- 4×100 m Relais Nage libre an 3:26,42 Minutten (28. August 1972)
- 200 m Nage libre an 1:52,78 Minutten (29. August 1972)
- 100 m Papillon an 0:54,27 Minutten (31. August 1972)
- 4×200 m Relais Nage libre a 7:35,78 Minutten (31. August 1972)
- 100 m Nage libre an 0:51,22 Minutten (3. September 1972)
- 4×100 m Relais Quatre-nages an 3:48,16 Minutten (4. September 1972)
Mat just 22 Joer huet hie sech aus dem Sport zeréckgezunn, fir an de Joren duerno seng Popularitéit ze vermaarten.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Mark Spitz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- offiziell Websäit (op Englesch)
