Maschrek

Vu Wikipedia
D'Maschrekstaaten haut

De Maschrek (vum arabeschen المشرق‎‎, al-mašriq, "Wou [d'Sonn] opgeet", deemno den Osten, am Géigesaz zu Maghreb, المغرب‎, al-maghrib, "Wou [d'Sonn] ënnergeet", deemno de Westen), och Maschrik oder Maschriq, bezeechent eng Regioun am Nordoste vun Afrika. Politesch ass de Maschrek net méi genee definéiert, mä am Allgemenge gehéieren déi arabeschsproochesch Staaten, ëstlech vu Libyen an nërdlech vu Saudiarabien zum Maschrek. De Begrëff staamt aus der Zäit vun den islameschen Eruewerungen (ëm d'7. Joerhonnert).

Wärend der arabescher Expansioun war de Sëtz vum Kalifat, ënner der Herrschaft vun den Umayyaden, zu Damaskus, spéiderhin ass de Sëtz op Bagdad gewiesselt. An de Joerhonnerten duerno hu virun allem tierkesch Dynastien d'Herrschaft iwwerholl. Vu 1517 bis 1918 hunn d'Osmanen d'Gebitt regéiert. Nom Éischte Weltkrich an deemno nom Ënnergank vum Osmanesche Räich ass de Maschrek vill méi kleng ginn.

Zu de Maschrekstaate gehéieren elo Egypten, Palestina, Jordanien, Libanon, Syrien an den Irak.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]