Op den Inhalt sprangen

Maurice Koechlin

Vu Wikipedia
Maurice Koechlin
Gebuer 8. Mäerz 1856
Buhl
Gestuerwen 14. Januar 1946
Veytaux
Nationalitéit Frankräich, Schwäiz
Educatioun ETH Zürich
Aktivitéit Bauingenieur, Saachbuchauteur, Ingenieur
Croquis vum Metall-Pylon, 1884

De Maurice Koechlin, gebuer den 8. Mäerz 1856 zu Buhl am Elsass, a gestuerwen de 14. Januar 1946 zu Veytaux an der Schwäiz, war e franséischen Ingenieur, deen d'Struktur vum Eiffeltuerm entworf huet.

De Koechlin huet zu Mulhouse säi Lycée gemaach an ass dunn op d'ETH op Zürich gaangen, wou e Schüler vum Karl Culmann war, dem Grënner vun der graphescher Statik.

Hie war dunn Ingenieur bei der Compagnie des chemins de fer de l'Est a gouf 1897 Chef vum Bureau d'Études vum Gustave Eiffel senger Entreprise fir metallesch Konstruktiounen an ëffentlech Aarbechten, déi dësen 1868 gegrënnt huet.

Hie war bestuet an hat 6 Kanner.

  • Hie war bedeelegt um Projet an um Bau vum Viaduc vu Garabit (1880-1884);
  • Hien huet huet d'metalle Struktur vun der Fräiheetsstatu entworf, déi de Frédéric Auguste Bartholdi geschaf huet;
  • Hien huet de metallenen Tuerm entworf, deen zu Paräis fir d'Weltausstellung vun 1889 gebaut sollt ginn, an haut als Eiffeltuerm weltbekannt ass. De Gustave Eiffel hat em säi Brevet ofkaf, an de Koechelin huet d'Aarbechten zu Enn geleet an d'Entreprise Eiffel gefouert, nodeem de Gustave Eiffel an d'Pensioun gaange war.
  • 1889, huet en e Projet fir d'Jungfrau-Eisebunn entworf, deen awer net gebaut sollt ginn.

Der Famill Koechlin hire Stambam.


Commons: Maurice_Koechlin – Biller, Videoen oder Audiodateien