Maurice Kohn
Ausgesinn
De Maurice Kohn, gebuer den 31. Januar 1881 zu Dikrech,[1] gestuerwen den 22. Mäerz 1929[2], war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
Vum 19. Juni 1917 bis den 28. September 1918 war hie Generaldirekter fir den Intérieur an der Regierung Kauffman.
Hie war mat der Lucie Fischer (1890-1949) bestuet an hat zwee Kanner.[3]
Referenzen
- ↑ Geburt 31 Jan 1881 Diekirch, Diekirch, G.D. de Luxembourg, Informatioun op www. deltgen.com, gelies den 9. Januar 2012
- ↑ Informatioun iwwer den Doud vum Maurice (Moritz) Kohn an der Lokal-Chronik am Luxemburger Wirt vum 23. Mäerz 1929
- ↑ Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 15, S. 43 (Link: BNL)