Op den Inhalt sprangen

McDonnell Douglas MD-80

Vu Wikipedia
McDonnell Douglas MD-80
Entwécklungslänner Vereenegt Staate vun Amerika
Bedreiwer American Airlines, European Air Charter
Hiersteller McDonnell Douglas, Boeing Commercial Airplanes
Éischte Vol 18. Oktober 1979
Längt 41,3 m
Stéckzuel 1.191
A Betrib geholl 10. Oktober 1980

D'McDonnell Douglas MD-80 ass een zweestralege Fliger vum US-amerikanesche Fligerbauer McDonnell Douglas. D'MD-80 gouf 1.191-mol gebaut an ass domat deen erfollegräichste Fliger vu McDonnell Douglas.

An den 1970er Joren huet den US-amerikanesche Fligerhiersteller Douglas Aircraft Company eng gestreckt Versioun vun der Douglas DC-10 geplangt. No der Fusioun mat der McDonnell Aircraft Corporation goufen déi Pläng a Form vun der MD-80 verwierklecht. 1980 goufen déi éischt Maschinne vun der Versioun MD-81 un d'Swissair an d'Austrian Airlines ausgeliwwert.

Nodeem Boeing mat der 737-300 en änleche Fliger op de Maart bruecht huet dee méi effizient war, koum kuerz duerno d'MD-87 eraus. E puer Joer drop huet Airbus mam A320 ee weidere Konkurrent fir d'MD-80 op de Maart bruecht. Trotz där Konkurrenz konnt d'MD-80 awer gutt mathalen a gouf bis 1999 produzéiert.

Den Nofollger MD-90 konnt net un den Erfolleg vun der MD-80 uknëppen.

  • MD-81: Grondversioun vun der MD-80 mat Plaz fir 172 Passagéier
  • MD-82/-88: méi schwéier Versioun mat méi grousser Reechwäit
  • MD-83: nach emol méi schwéier wéi d'MD-82, méi modernen Ekipement
  • MD-87: ëm 4,50m gekierzt Versioun mat Plaz fir 139 Passagéier

Technesch Daten

[änneren | Quelltext änneren]
Kenngréisst MD-81 MD-82/-88 MD-83 MD-87
Längt45,10 m39,70 m
Spanwäit32,80 m
Héicht9,05 m9,30 m
Fligelfläch92.97 
Maximaalt Startgewiicht63.503 kg67.812 kg72.575 kg63.503 kg
67.813 kg1
ReesvitessMach 0.76
zirka 811 km/h
Passagéier (2 Klassen)155152155130
Passagéier (1 Klasse)172139
max. Reechwäit2.897 km3.798 km4.635 km4.395 km (5.428 km)4
Fluchhéicht  11.277 m
Motor2 P&W JT8D-209
à 82 kN
2 P&W JT8D-217A/C
à 89 kN
2 P&W JT8D-219
à 93,4 kN
2 P&W JT8D-217C
à 89 kN
Éischt Ausliwwerung13. September 1980
un
Swissair
5. August 1981
un
Republic Airlines2
19. Dezember 1987
un
Delta Air Lines3
20. Februar 1985
un
Alaska Airlines
1. November 1987
un
Finnair
Lescht Ausliwwerung24. Juni 1994
un
JAL
17. November 1997
un
U-Land Airlines2
25. Juni 1997
un
Onur Air3
21. Dezember 1999
un
TWA
23. Mäerz 1992
un
SAS
Total produzéiert1325692
1503
26575

1 Versioun mat méi groussem Startgewiicht
2 MD-82
3 MD-88
4 méi grouss Reechwäit an der ER-Versioun (Extended Range) mat zousätzlechen Tanken

 Commons: McDonnell Douglas MD-80 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]