Op den Inhalt sprangen

Swiss International Air Lines

Vu Wikipedia
Swiss International Air Lines
Typ Société anonyme
IATA-Prefixcode 724
IATA-Code LX
ICAO-Code SWR
Grënnungsdatum 2002
Ekipement Airbus A320, Airbus A330, Airbus A340, McDonnell Douglas MD-80, McDonnell Douglas MD-11, Embraer ERJ-145, British Aerospace BAe 146, Airbus A319, Airbus A321
Sëtz Basel
Besëtzer Lufthansa Group
Generaldirekter Christoph Franz
Mataarbechter 10.531
  (31. Dezember 2019)
Ëmsaz 5.144.000.000 Euro
  (31. Dezember 2019)
Homepage https://www.swiss.com
En Avro RJ, "Jumbolino", vun der Swiss am Look vun der Star Alliance

D'Swiss International Air Lines, oder och einfach Swiss, ass eng Schwäizer Fluchgesellschaft mat Sëtz zu Basel.

Si ass d'Nofollgerin vun der Swissair déi den 1. Oktober 2001 Faillite gaangen ass. D'Swiss gouf dunn op Basis vun der deemoleger Crossair mat massiver finanzieller Hëllef vum Schwäizer Staat an de wichtegste Schwäizer Firmen, notamment de Banken, op d'Been gestallt sou datt si den 1. Mäerz 2002 de Betrib konnt ophuelen.

Hiren IATA-Code ass LX, de fréiere Code vun der Crossair. Den ICAO-Code ass SWR, de fréiere Code vun der Swissair.

De Sëtz vun der Gesellschaft ass zu Basel, d'Haaptbase an Dréipunkt ass awer Kloten, de Fluchhafe vun Zürich.

D'Swiss gehéiert zanter 2007, aus rechtleche Grënn deels iwwer Zwëschegesellschaften an iwwer eng Stëftung, zu 100% der Lufthansa. Si ass Member vun der Star Alliance.

Si huet 89 Fligeren dorënner Airbus A319, A320, A321, A330, A340 an den Avro RJ100 "Jumbolino", deen och op der Streck Zurich-Lëtzebuerg agesat gëtt.

 Commons: Swiss International Air Lines – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]