Deutsche Lufthansa

Vu Wikipedia
Lufthansa
IATA-Code LH
ICAO-Code DLH
Sëtz: Köln
Logo vun der Lufthansa

D'Lufthansa (Deutsche Lufthansa AG) ass déi gréisst däitsch Fluchlinn mat Sëtz zu Köln. Hiren Heemechtfluchhafen ass zu Frankfurt, zweet Dréikräiz vun der Gesellschaft gëtt lues a lues de Fluchhafe vu München. D'Haaptmaintenancehale sinn zu Hamburg. D'Lufthansa war bis 1953 zu bal 100 % a staatlechem Besëtz, 1966 ass d'Lufthansa-Aktie fir d'éischt un der Bourse cotéiert ginn, 1994 huet de Staat nach 34 % vun den Aktie kontrolléiert; zanter 1997 ass d'Lufthansa vollstänneg privatiséiert. D'Lufthansa ass Grënnungsmember vun der Star Alliance.

D'Lufhansa gehéiert och international zu de gréisste Gesellschaften. Mat hire Verkéiersleeschtungen ass se virbäi am internationale Loftverkéier: Am Joer 2003 huet se am internationale Verkéier déi meescht Passagéier vun allen IATA Fluchgesellschaften transportéiert an ass och bei der Fracht op der 1. Plaz. 2003 goufen 3,5 Prozent méi Passagéier transportéiert wéi d'Joer virdrun. Bei der Lufthansa Cargo gouf duerch déi schwaach Konjunktur manner Fracht transportéiert, 2,7 Prozent manner wéi nach 2002. D'Auslaaschtung ass mat 65,6 Prozent nëmmen ee Prozentpunkt ënner där vun 2002 bliwwen.

Basisdaten[änneren | Quelltext änneren]

Lufthansamaschinn déi am Gaang ass um Rhein-Main-Flughafen Frankfurt ze landen
  • Passagéieropkommes: 62,9 Mio (Stand 2007)
  • Frachtopkommes: 1.911.000 Tonnen (Stand 2007)
  • Employéen: 100.799 (Stand 2007)
  • Gewënn/Verloscht:
    • 21 Milliounen Euro (2001)
    • 717 Milliounen Euro (2002)
    • -984 Milliounen Euro (2003) (Verloscht)
    • 1.378 Milliounen Euro (2007)

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vun der Lufthansa besteet aus zwéin Deeler, sou wéi et sech bei der Lufthansa och em zwéi verschidde Betriber handelt. Déi eng Lufhansa gouf et bis 1945. Déi aner, déi nei, Lufthansa ass an den 1950er Joren entstanen, wéi d'Alliéiert et bis erlaabt hunn.

Déi éischt Lufthansa 1926-1945[änneren | Quelltext änneren]

1926 gëtt d'Lufthansa als "Deutsche Luft Hansa Aktiengesellschaft" gegrënnt. Et handelt sech dobäi em d'Fusioun vun Deutscher Aero Lloyd (DAL) a Junkers Luftverkehr. Den éischte Fluch no festem Horaire geet vun Halle iwwer Erfurt a Stuttgart op Zürich. Am Mee gëtt mat Berlin-Königsberg den éischten Nuetsfluch gemaach. Nodeem d'Restriktioune vum Paräisser Loftofkommes gefall si gëtt eng Fluchlinn Berlin - Köln - Paräis an Zesummenaarbecht mat der franséischer Lignes Farman op d'Bee gestallt. Am Summer komme Flich Richtung Nord- an Ostséi dobäi. 1927 kommen eng ganz Rëtsch Strecken dobäi, wéi z. B. München - Salzburg - Klagenfurt - Venedeg. D'Lufthansa benotzt fir verschidde Linnen och Fluchbooter. Am August gëtt mat der Reichsbahn eng Kooperatioun beim Frachttransport ausgemaach. D'Lufthansa grënnt och déi éischt Sub-Gesellschaften am Ausland, 1926 ass dat de Syndicato Condor Ltda a Brasilien. Den 12./13. Abrëll 1928 flitt den Hermann Köhl mat dem Günther Freiherr von Hünefeld und Fitzmaurice an enger Junkers W33 vun Irland aus iwwer den Nordatlantik. D'Lufthansa flitt 1928 souguer a Sibirien an op Tokio.

1930 grënnt d'Lufthansa a Kooperatioun mat dem chineesesche Verkéiersministère d'Europäisch-Asiatische Luftpostaktiengesellschaft Eurasia. Den Depart vu Postfligeren vu Passagéierschëffer gëtt Normalitéit (24 där Departen dat Joer). D'Loftpoststreck Wien - Budapest - Belgrad - Sofia - Istanbul gëtt et vum Mee un. Iwwer déi Streck komme Bréiwer a manner wéi 24 Stonnen un. Der Lufthansa-Duechtergesellschaft Eurasia hire Postdéngscht baut 1931 d'Streck Shanghai - Nanking - Peking - Manschuli op. D'Alpe gi vun 1931 u régelmässeg iwwerflunn an am Juni kascht d'Streck Köln - Frankfurt am Main testweis souvill wéi den 2. Klass-Billjee op der entspriechender Eisebunnsstreck. 1932 gëtt fir d'éischt Kéier eng Junkers G38 agesat op der Streck Berlin - Amsterdam - London. Am Juni gëtt souguer e Schëff (d'Westfalen) gelount, well d'Lufthansa wëll a Südamerika fléien. Am Mee 1933 ginn zwou Junkers W34 op Shanghai iwwerfouert. D'Heinkel He 70 gëtt ausprobéiert a brécht 8 Weltrekorder. D'Deutsche Reichsbahn hëlt op der Streck Berlin - Königsberg als weltwäit éischt Eisebunnsgesellschaft en Nuetszuch wéinst enger Fluchverbindung ausser Betrib. Op der Südatlantikpoststreck gëtt nach ëmmer ausprobéiert, mä am Februar 1934 offréiert d'Lufthansa fir d'éischt eng transatlantesch Postlinn. Déi sougenannt Reichsbahnstrecken vu Berlin op Münster, op Stuttgart an op Breslau ginn an de Fluchplang integréiert. Am Mee kennt déi nei Streck vu Berlin op Warschau dobäi. D'Reesvitessen erhéije sech drastesch duerch den Asaz vun der Junkers Ju 52/3m an der Heinkel He 70. Vum Juni u flitt d'Heinkel He 70 op de sougenannte Blitzstrecken tëscht Berlin, Hamburg, Köln a Frankfurt um Main. Am September kann de milliounste Passagéier begréisst ginn. Am Februar 1935 gëtt e Versuchsfluch op Kairo mat enger Junkers Ju 52/3m duerchgefouert. A Kooperatioun mat der KLM gëtt d'Streck Amsterdam - Mailand an den Horaire integréiert. Vun Abrëll u ginn op de Südatlantikstrecken och Nuetsflich duerchgefouert. Am August gëtt schonn den 100. Postfluch op der Südatlantikroute gefeiert. 1936 leet sech d'Lufthansa e puer Dornier Do-18 mat Junkers Dieselmotoren, fir d'Südatlantikstrecken, zou. Mat deene Maschinnen ass d'Fligerei iwwer dem Ozean net méi vum gudde Wieder ofhängeg. Vir d'Prospektioun vun den Asiestrecken iwwerflitt eng Junkers Ju 52/3m dat Joer den Hindukusch an de Pamir. Am Juli gëtt an Ecuador d'Sociedad Ecuadoriana de Transportes Aereos (Ofkierzung SEDTA) gegrënnt, si chartert bei der Lufthansa zwou Junkers W34. Mat den neie Blohm & Voss Ha 139-Maschinne gi Versuchsflich iwwer den Nordatlantik mat Erfolleg gemaach. Vun Oktober u gëtt de Postfluchdéngscht tëscht Berlin a Bagdad agefouert. Dës Linn gëtt kuerz dropper bis op Teheran verlängert. 1938 gëtt déi Route (vu Berlin op Teheran) fir de Passagéierverkéier fräiginn. Am Peru gëtt eng Duechtergesellschaft gegrënnt, doduerch kann e Linnendéngscht vun Däitschland an de Peru ageriicht ginn. Am August flitt eng Focke-Wulf Fw 200 nonstop vu Berlin op New York. Am November flitt déi selwecht Maschinn, erëm eng Kéier nonstop, op Tokio. Eleng 1938 huet d'Lufthansa 254.713 Passagéier a 5.288 Tonne Bréiwer transportéiert. Vu Mëtt Januar 1939 bis Ufank Februar ginn op enger däitscher Expeditioun an d'Antarktis zwou Dornier Do-15 (Wal) agesat an d'Schwabenland. Den 1. Abrëll gëtt d'Transatlantikstreck vun Natal op Santiago de Chile vun der brasilianescher Duechtergesellschaft Syndicato Condor. Enn Juni flitt eng Focke-Wulf Fw 200 als éischte Fliger vun der Lufthansa, a 9h 47min an am Nonstop-Fluch, iwwer de Südatlantik ouni dobäi mussen op e Schëff zeréckzegräifen. Am Abrëll/Mee flitt eng Junkers Ju 52/3m iwwer Bangkok, Hanoi an Taipeh op Tokio. E Linnendéngscht vu Berlin op Bangkok a 5 Etappe gëtt vun Enn Juli un ugebueden.

Déi Zäit déi déi al Lufthansa nach ze liewen huet an de 40er Jore steet am Zeeche vum Krich, no 1942 och am Zeeche vum Ënnergank. Méi a méi Strecke mussen de Betrib astellen, well sech de Krich zu Ongonschte vun den Nationalsozialisten entwéckelt. Scho laang ka keen normale Bierger méi mat der Lufthansa fléien. D'Maintenancehalen an d'Personal vun der Lufthansa stinn de facto am Déngscht vun der Luftwaffe, schonn eleng doduerch datt d'Gesellschaft muss militäresch Aufgaben iwwerhuelen.

Am November 1940 gëtt bei der Eurasia de Betrib agestallt, dat no enger Interventioun vun der chineesescher Régierung. D'Base zu Kunming gëtt geraumt an d'Personal verléisst China. Mëtt Dezember 1941 muss de brasilianesche Syndicato Condor Ltda. de Betrib astellen, de Mäerz vun deem Joer huet schonn d'Deruluft liquidéiert misse ginn. 1942 gëtt de Syndicato Condor Ltda. an Servicos Aereos Cruzeiro do Sul Ltda. ëmbenannt. Vun 1943 bis 1945 ginn no an no ëmmer méi Strecke suppriméiert. D'Piloten an d'Lufthansareparaturbetriber schaffe fir d'Luftwaffe. D'Maschinne ginn als Transporter agesat. Den 23. Mäerz 1945 gëtt de leschte Fluchplang gemaach. Am Verlaf vum Joer gëtt déi al Lufthansa liquidéiert.

Déi nei Lufthansa (zanter den 1950er Joren)[änneren | Quelltext änneren]

Scho kuerz nom Krich versichen e puer vereenzelt Symphatisanten erëm eng Grondlag fir eng zivil Aviatioun opzebauen. Mä eréischt uganks der 50er Jore geléngt et hir Aktiounen op eng zolidd Basis ze setzen. Kuerz drop entwéckelt sech d'Lufthansa erëm zu enger profitabler a moderner Entreprise, déi Däitschland an der Welt representéieren däerf a kann.

D'50er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Den Opbau vum zerstéierten Däitschland, d'Wirtschaftswonner an de Kale Krich loossen et zou, datt scho sou kuerz nom Krich rem an Däitschland ka geflu ginn an och däerf. Lukrativ Maschinnen, gënschteg Präisser an e gudde Service bei héijer Zouverlässegkeet loossen d'Lufthansa séier erëm an d'Gewënnzon fléien.

1951 gëtt zu Köln de "Büro Bongers" gegrënnt. Hei schaffen a sammelen al Lufthanseaten Ënnerlagen, déi d'Méiglechkeet an d'Avantage vun enger däitscher Fluchgesellschaft fir déi jonk Bundesrepublik weise sollen. De 26. Juni 1952 decidéieren d'Ministere vum Bund, datt fir de geplangte Loftverkéier eng Virbereedungsgesellschaft, déi spéider LUFTAG (Aktiengesellschaft für Luftverkehrsbedarf), gegrënnt soll gi wat dann och de 6. Januar 1953 geschitt. Si bereet vun deem Moment un den Terrain fir déi eigentlech Lufthansa vir. Am August gi véier Lockheed L-1049 (Super-Constellation) bestallt. Am November gëtt dat éischt Fluchpersonal agestallt an ausgebilt. De 6. August 1954 decidéiert d'Aktionärsversammlung vun der LUFTAG den Numm vun der Gesellschaft an Deutsche Lufthansa AG z'änneren. D'Stammverméige vu 6 Milliounen DM kënnt vum Bund an dem Land Nordrhein-Westfalen. Enn des Jores si scho bal 600 Mënsche bei der "neier" Lufthansa beschäftegt. Den 1. Abrëll 1950 geet et mam Fluchverkéier, vun der Lufhansa, bannent Däitschland, nees rem un. Um Ufank ginn och nach véier Convair CV 340 agesat. Déi éischt Verbindunge gëtt et tëscht Hamburg, Düsseldorf, Köln/Bonn, Frankfurt am Main a München. Kuerz Zäit drop liwwert Lockheed déi éischt Super-Constellation an engem Nonstopfluch vun New York op Hamburg. Schonn e Mount méi spéit ginn déi éischt Destinatiounen am Ausland ugeflunn. Am Juni gëtt d'Gesellschaft an d'IATA integréiert. Den Nordatlantikdéngscht no engem festen Horaire, fänkt den 8. Juli 1950, mat TWA-Piloten um Steierknëppel, un. Schonn 2 Méint méi spéit gëtt den Nordatlantik fir d'honnertst Kéier iwwerflunn. D'Verkéierspiloteschoul vun der Lufthansa zu Hamburg gëtt den 1. Oktober opgemaach. Ufank November kënnt Stuttgart als nei Destinatioun dobäi. D'Chartergesellschaft Deutscher Flugdienst GmbH, aus där spéider d'Condor Flugdienst GmbH gëtt, gëtt zesumme mat der Bundesbahn, dem Norddäitsche Lloyd an der Hamburg-Amerika-Linie den 21. Dezember gegrënnt. Enn Mäerz 1956 flitt déi éischt Super-Constellation, mat reng däitscher Cockpit-Crew, an d'USA. E Mount méi spéit gi Montréal an Chicago als nei Destinatiounen an Nordamerika fir d'éischt ugeflunn. D'Verkehrsfliegerschule vun der Lufthansa zu Bremen gëtt den 1. Mee opgemaach. Vum August u flitt d'Lufthansa och erëm a Südamerika (op Rio de Janeiro, São Paulo a Buenos Aires). Vu September u flitt d'Lufthansa erëm an den noen an an de mëttleren Oste mat den Destinatiounen Istanbul, Beirut, Bagdad an Teheran. Zanter dem 2. Abrëll 1957 si fënnef nei Convair CV 440 an der Flott vun der Lufthansa. D'Verbindung mat Éisträich gëtt et erëm zanter Mëtt Abrëll. Eng Weiterentwécklung vun der Super-Constellation, d'Lockheed Super-Star, flitt vu Kalifornien 9300 km nonstop op Hamburg. Am Dezember gëtt e Service fir Fracht vun Däitschland an d'USA opgemaach. Dofir gëtt eng Douglas DC-4 gechartert. Zanter dem 5. Januar 1958 fléien déi nei Lockheed Super-Star d'Streck Frankfurt/Main - New York nonstop am Passagéierbetrib. D'Lufthansa kënnt all Woch op 30 Flich iwwer den Atlantik. De Gesamtverkéiersvolume vun der Lufthansa klëmmt am Vergleich zum Virjoer ëm ronn 60 %. Zesumme mat der British European Airways (BEA) gëtt en Europafrachtservice agefouert. Déi nei Turboprop-Maschinne Vickers Viscount 814 komme bei d'Flott dobäi. D'Super-Constellation gëtt op de Mittelstrecken agesat. Sou komme vun November u Flich op Kairo an de Programm. 1959 weit d'Lufthansa hiren Nonstop-Frachtservice vu Frankfurt op New York an. Am Abrëll kënnt eng Linn op Stockholm dobäi an am Mee gëtt och Athen nees erëm ugeflunn. Den 1. November 1959 fält eng Super-Constellation beim Landen zu Rio de Janeiro erof (36 Doudeger). Am Wanterfluchplang sti Karatschi, Bangkok a Kalkutta fir d'éischt Kéier op der Lëscht vun den Destinatiounen.

D'60er Joren[änneren | Quelltext änneren]

D'1960er Jore stinn am Zeeche vum Fortschrëttsglawen an dem onbegrenzte Wuesstem. Den Düsefliger steet am Mëttelpunkt vum Interessi. De Wuerentransport gëtt méi rapid a Linieflich an den Ostblock iwwerwannen ideologesch Grenzen.

1960 fänkt bei der Lufthansa den Düsenzeitalter un. Den éischte Passagéierfluch mat der 707 ass den 13. Mäerz 1960 (vun Hamburg iwwer Frankfurt op New York). 1961 gëtt d'Bangkokstreck op Tokio verlängert an op d'Boeing 707 emgestallt. Zu de Boeing 707 komme 4 Boeing 720B dobäi, déi vum 1. Juli un d'Mëttelstrecken an den noen an an de mëttleren Osten zerwéieren. Vum 1. September u gëtt en Nuechtpostfluchnetz opgebaut, Convair 440- a Viscount-Maschinnen iwwerhuelen hei d'Aarbecht. Am Dezember gëtt a Kooperation mat der Seabord Worlds Airlines och nach e renge Frachtservice op der Nordatlantikstreck ageriicht. 1962 flitt d'Lufthansa nees rem am Liniendéngscht an Afrika. Vu Mäerz u gëtt zweemol an der Woch Lagos an Nigeria ugeflunn. Vu Mee u gëtt Johannesburg mat Tëschelandungen zu Athen, Khartum, Nairobi a Salisburg ugeflunn. 1963 sinn d'Super-Constellations weider um Virmarsch a ginn ëmmer méi op de Kuerzstrecken agesat. Vum 1. Abrëll u gëtt, mat hinnen, e System getest, en Airbusdéngscht, deen ouni Reservéierung am Viraus, ouni den traditionellen Check-In an ouni Bordservice auskënnt. D'Präisser fir d'Strecke bannent Däitschland leien hei um Niveau vun deene vun der Eisebunn. D'Bundesbahn protestéiert dogéint. 1963 flitt d'Lufthansa och fir d'éischt op Mallorca. 1964 gëtt och allgemeng festgestallt, datt d'Boeing 720 net déi a si gesaten Erwaardungen erfëllen. Den 21. Mäerz kënnt déi éischt Boeing 727 an Däitschland un. Deen Typ gëtt dorop standardméissege Kuerz- a Mëttelstreckfliger vun der Lufthansa. Op der Streck Frankfurt - Hamburg - Kopenhagen - Anchorage - Tokio gëtt fir d'éischt am Liniendéngscht den Nordpol iwwerflunn. Vum 1. Abrëll 1965 un steet och de 5. Kontinent, Australien, um Programm vun der Lufthansa. Och am Frachtverkéier gëtt elo den Düsefliger agefouert. Ufank November gëtt déi éischt Boeing 707 an der Frachtversioun ausgeliwwert. 10 Boeing 727 an enger Fracht/Passagéierausféierung gi bestallt. Bei dëse Fligere gëtt et d'Méiglechkeet séier tëscht de beiden Asazméiglechkeeten ze wiesselen, de sougenannte Quick Change. Vu Januar 1966 u gëtt Tunis ugeflunn. Iwwer New York féieren neierdéngs der Lufthansa hir Flich un d'Westküst vu Südamerika. Den 28. Januar fält eng CV 440 bei Bremen erof (46 Doudeger). Mat Prag steet déi éischt Stad aus dem deemolegen Ostblock um Horaire. Schonn de 6. Abrëll gëtt et en Charterfluch op Moskau. Eng weider Duechtergesellschaft, d'Lufthansa Service GmbH, gëtt den 1. Juli gegrënnt. Den Airbusdéngscht gëtt erëm agestallt nodeem et der Bundesbahn gelongen ass eng Präiserhéijung duerchzesetze soudatt déi Saach fir d'Lufthansa net méi rentabel war. Vun Dezember u gëtt eng Streck op Khartum, Entebbe an Daressalam an de Fluchplang opgeholl. Fir an deene Stied hir Passagéier kennen ënnerzebréngen, bedeelegt sech d'Lufthansa un der Deutsche Hotelgesellschaft für Entwicklungsländer mbH. Enn 1966 gehéieren der Lufthansa am Ganze 54 Fligeren, dovun 31 mat Düsemotoren. 1967 gëtt eng nei Linn op Bogota ageriicht. D'Länner am Ostblock ginn ëmmer méi interessant fir d'Lufthansa. Et entsti Linien op Belgrad, Zagreb, Bukarest a Budapest. De 6. Oktober ass et eriwwer mat dem Asaz vun de Langstreckekolbemotorfligeren: déi lescht Super-Constellation gëtt aus dem Verkéier gezunn. Den 1. Januar 1968 gëtt déi a finanziell Schwieregkeete gerode Chartergesellschaft Südflug iwwerholl. Den éischten Exemplaire vun den neie Kuerzstreckefligere vum Typ Boeing 737 land am Februar zu Hamburg. Fir de gewuessenen Usprëch vum Loftverkéier gerecht ze ginn, deet sech d'Lufthansa mat der Air France, der Sabena an der Alitalia zur ATLAS-Grupp zesummen. Nieft Helsinki, Genua an Neapel gëtt och well Tel Aviv ugeflunn.

D'70er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Den 13. Oktober 1977 gëtt d'Lufthansa-Maschinn Landshut um Fluch vu Palma de Mallorca op Frankfurt am Main vu véier palestinenseschen Terroristen entfouert an den 18. Oktober vun der GSG 9 an der Operatioun Feuerzauber befreit.

D'90er Joren[änneren | Quelltext änneren]

D'Wiedervereinigung vun Däitschland erméiglecht et der Lufthansa 1990 45 Joer nom Enn vu Zweete Weltkrich nees erëm op Berlin fléien. Tëscht 1992 an 1997 packt et d'Gesellschaft hir gréisste wirtschaftlech Kris z'iwwerwannen an dat mat engem grousse Sanéirungsprogramm. De Betrib dee bis dohi gréisstendeels am Besëtz vum Staat war gëtt a enger Rei vu Schrëtt komplett privatiséiert. Technik, Fracht an Informatik ginn an eng extra gegrënnte Gesellschaft verluecht. 1997 ginn d'Lufthansa, d'Air Canada, d'SAS, d'Thai Airways an d'United Airlines mat der "Star Alliance" déi éischt multilateral Allianz am Weltloftverkéier an, dëser Allianz schléisse sech weider Fluchgesellschaften un.

D'2000er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2003 gehéiert der Lufthansa d'Air Dolomiti.

Airbus A340 vun der Lufthansa

Bekannt Fligere vun der Lufthansa[änneren | Quelltext änneren]

D'Lufthansa haut[änneren | Quelltext änneren]

Déi zur Zäit operativ Lufthansa-Flott besteet aus follgenden Typpen:

Flott vun der Lufthansa Passage:[änneren | Quelltext änneren]

(Stand 7. Mai 2014):

Airbus A380 "Frankfurt am Main"

A Bestellung[änneren | Quelltext änneren]

Avro RJ 85 vun der Lufthansa CityLine

Régionale Passagéierverkéier[änneren | Quelltext änneren]

(Stand 2004)

Frachtverkéier[änneren | Quelltext änneren]

Weideres[änneren | Quelltext änneren]

Bei internationale Verbindunge kréien d'Flich Richtung Däitschland ongerued Nummeren an d'Flich an d'Ausland gerued Nummern. D'Lufthansa huet ee vun den opwennegste Villfléierprogrammen (Miles and More).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Lufthansa – Biller, Videoen oder Audiodateien