Mega-Äerd

Vu Wikipedia
Verglach vun de Gréissten tëscht der Äerd zu der Mega-Äerd Kepler-10c n dem Neptun

Eng Mega-Äerd ass en extreem groussen extrasolaren terrestresche Planéit. Déi Bezeechnung riicht sech nëmmen no der Mass, a mécht keng Ausso iwwer d'Uewerflächebeschafenheet oder d'Bewunnbarkeet vum Planéit.

Déi nei Kategorie gouf néideg fir, no der Identifikatioun vum Planéit Kepler-10c, mat 17-facher Äerdmass, eng Ofgrenzung zu de méi klengen a massenaarme Superäerden ze hunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]