Op den Inhalt sprangen

Kepler-10c

Vu Wikipedia
Kepler-10c
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0)
Rektaszensioun 19h 02m 43s
Deklinatioun + 50° 14' 29"
Stärebild Draco (Dra)
Zentrum Kepler-10
Period 45 Deeg
Radius 2,4 ± 0,1 RE
Mass 17 ± 2 ME
Entdecker Kepler-Missioun
Datum vun der Entdeckung

De Kepler-10c ass en Exoplanéit deen ëm de Kepler-10 am Stärebild Draco um Nordhimmel kreest. Et ass bis elo (Stand Juni 2014) de gréisste bekannten äerdänleche Planéit a gouf mat Hëllef vum Weltraumteleskop Kepler entdeckt. E gouf am Juni 2014 der nei etabléierter Klass vu Mega-Äerden zougerechent.

Ëmlaf a Mass

[änneren | Quelltext änneren]

De Kepler-10c ëmkreest säin Zentralstär Kepler-10, dee 560 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech ass, an ongeféier 45 Deeg. Am selwechte System sinn och de Kepler-10b, deen éischten nogewisene Gestengsplanéit baussenzeg vun eisem Sonnesystem. De Kepler-10c huet ongeféier déi 2,3-fach Gréisst, awer déi 17-fach Mass vun der Äerd.

Entdeckung a Klassifizéierung

[änneren | Quelltext änneren]

Déi däitlech méi héich Mass, déi zwar bei engem Exoplanéit net z'erwaarde war, gouf mat der Radialvitessmethod ermëttelt. Mat dem Prezisiounsspektrograph Harps-North vum Telescopio Nazionale Galileo hunn d'Fuerscher d'Mass vum Planéit bestëmmt. Op Grond vu sengem Duerchmiesser muss een och dovun ausgoen, datt de Kepler-10c aus Gestengs an anere feste Stoffer besteet. De Planéit ass sou masseräich, datt hien eng Atmosphär – wann hie jee eng hat – dauerhaft gehalen huet.

Kategorie Mega-Äerd

[änneren | Quelltext änneren]

Dësen Exoplanéit gëtt als éischt entdeckt Mega-Äerd agestuuft, well hien däitlech méi masseräich ass an och méi grouss ass wéi d'Superäerden; e Planéit mat der Mass vum Kepler-10c hätt sech no aktuellen Erkenntnesser vun den Astronomen eigentlech zu engem Gasris entwéckele missen. D'Entdeckung vum Kepler-10c gouf dofir vu sengen Entdecker als 'Prototyp' fir eng nei Klass vu Planéiten ugekënnegt. D'Analys vun den Donnéeë goufe vum Xavier Dumusque vum Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics geleet, deen de Planéit entdeckt hat. D'Entdeckung gouf den 1. Juni 2014 op engem Kongress vun der American Astronomical Society publizéiert.

D'Astronome ginn dovun aus, datt d'Entdeckung vun enger "Mega-Äerd" wäitreechend Konsequenze fir d'Wahrscheinlechkeet vu Liewen am Universum wäert hunn. D'System Kepler-10 ass schonn eelef Milliarde Joer al – entstoung also manner wéi dräi Milliarde Joer nom Urknall – dofir kéinte Gestengsplanéite scho vill méi fréi an der Geschicht vum Universum opgetruede si wéi ee bis elo gemengt hat.

Portal Astronomie

Commons: Kepler-10 c – Biller, Videoen oder Audiodateien