Melanie Thornton

Vu Wikipedia
Melanie Thornton
Gebuer 13. Mee 1967
Charleston
Gestuerwen 24. November 2001
Bassersdorf
Doudesursaach Fligeraccident
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger
Grafplack

D'Melanie Thornton, gebuer den 13. Mee 1967 zu Charleston, South Carolina, a gestuerwen de 24. November 2001 an der Schwäiz zu Bassersdorf, war eng US-amerikanesch Pop- an Eurodance-Sängerin, déi virun allem an Däitschland erfollegräich war.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Melanie Thornton huet 1994 zesumme mat dem Rapper Lane McCray als Eurodance-Formatioun La Bouche d'Lidd Sweet Dreams erausbruecht, mat deem déi zwee déi éischt Plaz an Italien erreecht hunn, an och an deenen aneren europäesche Länner an d'Top 10 geklomme sinn. Ee Joer drop ass dunn hiren éischten Album, Sweet Dreams, verëffentlecht ginn, an déi zweet Single, Be My Lover, huet den Erfolleg vun där éischter souguer nach iwwertraff. Siwen aner Singelen, Falling in Love, Bolingo, S.O.S...., an zwéin Albumen, All Mixed Up, A Moment Of Love, méi spéit huet d'Melanie Thornton sech entscheet eng Solo-Karriär unzefänken, well de Succès trotz 10 Millioune weltwäit verkaaften Disken ëmmer méi kleng ginn ass.

Am Joer 2000 krut si e Plackekontrakt mat X-cell Records an huet hir éischt Solo-Single Love How You Love Me realiseiert, déi zimmlech dacks op den däitschen a lëtzebuergesche Radiosendere gelaf ass.

2001 ass dunn Heartbeat, an am November, Wonderful Dream (Holidays Are Coming) verëffentlecht ginn. Dëst Lidd gouf souguer bis 2005 all Joer an de Chrëschtdagsreklamme vu Coca-Cola benotzt an huet d'Nummer 3 an den däitschen Charts erreecht.

De 24. November 2001, zwéin Deeg éier hiren éischte Soloalbum, Ready To Fly, sollt erausbruecht ginn, ass d'Melanie Thornton bei engem Fligerongléck gestuerwen.

De Crossair-Fluch LX3597 vu Berlin op Zürich ass um 22:08 Auer vum Radar verschwonnen - 24 vun am Ganzen 33 Passagéier sinn dobäi ëmkomm, dorënner och d'Melanie Thornton an zwou Passion-Fruit-Sängerinnen.

D'Melanie Thornton läit an hirer Heemechtsstad Mount Pleasant a South Carolina (USA) begruewen.

Den 29. Abrëll 2002 ass an Däitschland den Album The Best Of La Bouche feat. Melanie Thornton erausbruecht ginn, vun deem déi bis dohin onrealiséiert Single In Your Life ze fannen ass. Am Dezember 2003 ass de Best Of Memories - Her Most Beautiful Ballads erauskomm.

Zanter dem Melanie Thornton hiren Doud ass d'Single Wonderful Dream (Holidays Are Coming) all Joer ëm d'Chrëschtdagszäit erëm nei verëffentlecht ginn a konnt sech all Joer fir d'neit an den däitschen an éisträichen Charts platzéieren. Domat ass se an Däitschland op der Plaz 10 an an Éisträich op Plaz 17 vun de Singelen mat de meeschten Chartwochen.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen a Kompilatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Album Klassement[1]
AT
[2]
DE
[3]
CH
[4]
2001 Ready to Fly 20 5 4
2002 Best of La Bouche feat. Melanie Thornton - - -
2003 Memories - Her Most Beautiful Ballads - - -

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Single Klassement Album
AT
[5]
DE
[3]
CH
[6]
2000 Love How You Love Me 48 15 29 Ready to Fly
2001 Heartbeat 59 95
Makin' Oooh Oooh (Talking About Love) 76 90
Wonderful Dream (Holidays Are Coming) 7 3 3 Ready to Fly (Nei Editioun)
2002 In Your Life Nëmme Single
"—" steet fir Singelen, déi sech net klasséiert hunn

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Melanie Thornton – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. swedishcharts.com (Album)
  2. austriancharts.at (Album)
  3. 3,0 3,1 charts.de (Album & Single)
  4. hitparade.ch (Album)
  5. austriancharts.at (Singelen)
  6. hitparade.ch (Singelen)