Memorial Butte de Stonne

Vu Wikipedia
Den Tanks AMX 13 op der Plaz vum Memorial

De Memorial op der Butte de Stonne ass e Memorial ëstlech vun der Uertschaft Stonne als Erënnerung un d'Evenementer aus dem Zweete Weltkrich déi sech do an der Géigend ofgespillt hunn. Op der héchster Plaz vun der Butte och nach Pain de sucre genannt, steet e Kräiz, an um Fouss vun der Kopp steet en Tanks deen zu Éiere vun all de Mannschaften déi an Tanksen hiert Liewe verluer hunn, a fir déi, déi haut a Panzerregimenter déngen, dohi gesat gouf.