Memorial fir déi ermuert Judden aus Europa

Vu Wikipedia
Vue op d'Bléck, hannen am Bild den Tiergarten, Sep. 2007.
Leit tëscht de Bléck
Am Schnéi, Feb. 2009.

D'Memorial fir déi ermuert Judden aus Europa, de: Denkmal für die ermordeten Juden Europas, ass e Memorial zu Berlin, dat un déi jiddesch Affer vun der Shoah am Zweete Weltkrich erënnert.

Et gouf vum Architekt Peter Eisenman an dem Ingenieur Buro Happold entworf a besteet aus 2.711 Betongsbléck, déi op enger Fläch vun 19.000 m² den héije Wee niefteneen a Reien opgestallt sinn. All Block ass 2.38m laang, 0.95m breet a jee nodeem tëscht 0.2 m bis 4.8m héich.

Zum Memorial gehéiert och en ënnerierdesche Raum, Ort der Information genannt, an deem all d'Nimm vu bekannten Holocaustaffer ze fannen sinn.

De Memorial gouf tëscht dem 1. Abrëll 2003 an dem 15. Dezember 2004 gebaut an den 10. Mee 2005, 60 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich ageweit. Et huet ronn 25 Milliounen Euro kascht.

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Memorial fir déi ermuert Judden aus Europa – Biller, Videoen oder Audiodateien