Meteoritical Bulletin

Vu Wikipedia

De Meteoritical Bulletin ass eng Publikatioun vun der Meteoritical Society mat enger kuerzer Beschreiwung a Klassifizéierung vun alle Meteoritten, déi op der Welt fonnt goufen. E gëtt reegelméisseg an der Zäitschrëft Meteoritics & Planetary Science publizéiert. Nëmmen déi dora publizéiert Nimm gëllen als offiziell Meteorittenimm.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Fir déi genee Bezeechnung vun engem Meteorittennumm goufen an enger internationaler Fachgesellschaft Reegelen opgestallt. Deemno gi Meteoritte no der Plaz, wou se fonnt goufen (Flouer, Floss, Géigend asw.) genannt. Bei Plazen, wou vill Meteoritte fonnt goufen, wéi beispillsweis en ettlech Gebidder an der Sahara, gëtt eng lafend Nummer ugehaangen (z. B. NWA 3009). Bei Meteoritten, déi an der Antarktis fonnt goufen, gëtt un den Numm d'Joreszuel an eng lafend Nummer ugehaangen. Beispillsweis bezeechent ALH 76008 den aachte Meteorit, deen am Joer 1976 am Alan-Hills-Gebitt an der Antarktis fonnt gouf. De Marsmeteorit ALH 84001, deen duerch d'Spuere vu fossille Bakteerie bekannt gouf, war deemno den éischte Meteorit, deen am Joer 1984 an deem Gebitt fonnt gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]