Michael C. Hall

Vu Wikipedia
Michael C. Hall
Gebuertsnumm Michael Carlyle Hall
Gebuer 1. Februar 1971
Raleigh
Nationalitéit USA
Educatioun Tisch School of the Arts,
Earlham College
Aktivitéit Schauspiller, Delegéierte Produzent, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Jennifer Carpenter, Amy Spanger
Michael C. Hall (2011)

De Michael Carlisle Hall, gebuer den 1. Februar 1971 zu Raleigh, North Carolina an den USA ass en US-amerikanesche Schauspiller.

No sengem Ofschloss um College huet hie Karriär um Broadway an Off-Broadway gemaach. Seng bekanntst Rolle sinn déi vum David Fisher an der Televisiounsserie Six Feet Under, déi hie vun 2001 bis 2005 gespillt huet, an d'Haaptroll als Seriemäerder a Forensiker Dexter Morgan an der Televisiounsserie Dexter (2006-2013). Fir déi Roll huet hien 2010 e Golden Globe an e Screen Actors Guild Award gewonnen.

De Michael C. Hall ass am Mee 2002 mat der Schauspillerin Amy Spanger bestuet ginn, mä 2006 hu si sech nees scheede gelooss. Am Januar 2009 hunn hien an d'Jennifer Carpenter, dat och an der Serie Dexter matgespillt huet, sech vir d'éischte Kéier an der Ëffentlechkeet als bestuete Koppel presentéiert. 2011 war d'Scheedung. 2016 huet den Hall seng drëtt Fra, d'Morgan Macgregor bestuet.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Film[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Paycheck
  • 2009: Gamer
  • 2011: Peep World
  • 2012: The Trouble with Bliss
  • 2013: Kill Your Darlings
  • 2014: Cold in July
  • 2016: Christine
  • 2016: After Adderall
  • 2017: Mark Felt: The Man Who Brought Down the White House

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

  • 2001-05: Six Feet Under
  • 2006-13: Dexter
  • 2011: Vietnam in HD (als Erzieler)
  • 2015-17: Star vs. the Forces of Evil

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michael C. Hall – Biller, Videoen oder Audiodateien