Dexter (Televisiounsserie)

Vu Wikipedia
Dexter
Serie
Produktiounsland USA
Première 11. Januar 2007
Dauer 96
Format 16:9
Originalsprooch Englesch Spuenesch
Follgen 96 (8 Staffelen)
Éischt Folleg 1. Oktober 2006, USA
Staffelen 8
Episoden 96
Ekipp
Iddi Jeff Lindsay
Regie Tony Goldwyn,
Robert Lieberman,
Keith Gordon
Produzent Robert Lloyd Lewis
Timothy Schlattmann
Lauren Gussis
Scott Reynolds
Arika Lisanne Mittman
Drew Z. Greenberg
Dennis Bishop (Pilotfolleg)
Distributioun Netflix, Hulu
Schauspiller
Michael C. Hall: Dexter Morgan
Julie Benz: Rita Bennett
Jennifer Carpenter: Debra Morgan
David Zayas: Angel Batista
Lauren Velez: Lt. María LaGuerta
James Remar: Harry Morgan
Erik King: Sgt. James Doakes
C.S. Lee: Vince Masuka
Desmond Harrington: Joey Quinn

Dexter ass eng US-amerikanesch Krimi-/Drama-Televisiounsserie, déi vum 1. Oktober 2006 bis zum 22. September 2013 vir d'éischt diffuséiert gouf.

De Michael C. Hall spillt de Seriemäerder Dexter Morgan, dee beim Miami-Metro Police Department als Forensiker (haaptsächlech bei der Blutspuerenanalys) schafft. Nuets allerdéngs geet e sengem Verlaangen no fir ze muerden, an dat fir Mäerder ëmzebréngen déi d'Gesetz net ze pake krut.

D'Iddi zu der Serie ass vum Jeff Lindsay an d'Titelmusek ass vum Rolfe Kent. Si ass generell gutt vun de Kriticken opgeholl ginn a gouf véiermol fir en Emmy Award an der Kategorie "Best Drama Series" nominéiert.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vu 4 Joer gëtt dem Dexter seng Mamm viru sengen Aen ëmbruecht. Als Weesekand, mat dësem traumateschen Erliefnes, gëtt hie vum Polizist Harry Morgan, deen hien op der Plaz vun der Dot fonnt huet, adoptéiert. Deen erkennt seng speziell Tendenzen, den Drang fir ze muerden a seng Emotiounlosegkeet. Deen instruéiert hie säin Drang, aner Leit ëmzebréngen, op eng konstruktiv Aart a Weis auszeliewen. Hie soll just déi Mënschen ëmbréngen déi aner Leit ermuert hunn an déi laanscht hir Strof duerch d'Gesetz komm sinn. Den Harry léiert hie keng Spueren ze hannerloossen, an och en ettlech Reegelen, déi hien dovun ofhale solle fir ouni Grond Leit ëmzebréngen.

Den Dexter féiert en Duebelliewen, an ass drop beduecht nëmmen net opzefalen. Am Dag schafft hien als Bluttspuerenanalyst bei der Police vu Miami a gëtt do fir seng Aarbecht geschat. Nuets lieft hien da seng donkel Säit aus, dëst awer streng nom Harry sengem Codex. Seng Adoptivschwëster Debra Morgan schafft och als Polizistin am Muerddezernat. Seng Frëndin Rita Bennett huet zwee Kanner, an huet nach ëmmer net de Mëssbrauch vun hirem gewalttätegen Exmann verschafft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wikiquote: Dexter (Televisiounsserie) – Zitater