Mikwe
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

Eng Mikwe, Méizuel Mikwaot, ass e Waasserbaseng, deen am Juddentum dozou déngt, sech rituell ze rengegen.
Den Numm[änneren | Quelltext änneren]
"Mikwe" kënnt aus dem Hebräesche "miqwe" a bedeit "Sammelbaseng fir Waasser opzefänken".
D'Waasser[änneren | Quelltext änneren]
Eng Mikwe gëtt mat fléissendem renge Waasser gefëllt, dat dacks aus engem Grondwaasserbur kënnt, wa kee Quellwaasser zur Verfügung steet.
De Ritus[änneren | Quelltext änneren]
Nëmmen een dee komplett ënnerdaucht gëtt och rituell gerengegt. Noutwenneg ass dëst net nëmme fir Fraen no der Menstruatioun oder enger Gebuert, a fir zum Juddentum Bekéierter - sou änlech wéi bei der chrëschtlecher Daf - oder bei orthodoxe Judde virum Schabbat a viru Feierdeeg.
Mikwaot zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
An der Stad Lëtzebuerg ass eng Mikwe am Sous-sol vun der Synagog.
An der Synagog Ettelbréck gouf 2021 eng gutt erhale Mikwe entdeckt.[1]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Mikvah – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Jüdische Tradition in Luxemburg, Spektakulärer Fund in Synagoge op wort.lu; Spektakulärer Fund, In der Synagoge von Ettelbrück ist ein 150 Jahre altes Tauchbecken ausgegraben worden, Luxemburger Wort, 7. Juli 2021, S. 22