Missa Luba

Vu Wikipedia

D'Missa Luba ass eng Versioun vun der laténgescher Mass gesongen a gespillt no traditionelle kongoleesesche Rhythmen a Melodien aus der Demokratescher Republik Kongo. D'Mass gouf am Joer 1958 arrangéiert an opgeholl vum belsche Franziskanerpater Guido Haazen gesonge vum Chouer Les Troubadours du Roi Baudouin.

D'Mass ass bekannt a berüümt ginn well en Deel dervun a bekannte Filmer gebraucht ginn ass sou de Kyrie an de Gloria am Film Il Vangelo secondo Matteo (1964) vum Pier Paolo Pasolini an de Sanctus am Film If.... (1968) vum Lindsay Anderson.

De Soundtrack mat dem Sanctus aus dem Film If.... koum bei Philips eraus a war 11 Wochen an den engleschen Charts.