Op den Inhalt sprangen

Mohamed Ould Abdel Aziz

Vu Wikipedia
Mohamed Ould Abdel Aziz
Gebuer 20. Dezember 1956
Nationalitéit Mauretanien
Aktivitéit Politiker, Militär, Offizéier
Partei Union pour la République
Fonctioun President vun der Afrikanescher Unioun
Bestuet mat Mariam Mint Ahmed Aicha

De Generol Mohamed Ould Abdel Aziz (arabesch: محمد ولد عبد العزيز.), gebuer den 20. Dezember 1956 zu Akjoujt, a Mauretanien, ass en Offizéier a President vu sengem Land.

Hie war vun 2008 bis 2009 President vum Haut conseil d'état an domat zanter dem Militärputsch vum 6. August 2008, deen e geleet hat, de facto Staatschef vu Mauretanien. De 15. Abrëll 2009 ass hie vun där Plaz zeréckgetrueden, fir bei der Presidentschaftswal am Juli 2009 matzemaachen, déi e gewonnen huet.[1]

Am Juni 2014 gouf hien erëmgewielt.[2]

Den 30. Januar 2014 huet d'Generalversammlung vun der Afrikanescher Unioun hien zu hirem President gewielt.[3]

Am Oktober 2023 huet de Procureur 20 Joer Prisong gefrot mat Konfiskatioun vum Mohamed Ould Abdel Aziz sengem Besëtz.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Coup leader cedes power to seek office." theguardian.com, 16.04.2009.
  2. "Mauritanie: Mohamed ould Abdel Aziz réélu au premier tour." rfi.fr; 23-06-2014.
  3. "Neuer Chef für die Afrikanische Union." DiePresse.com, 30.01.2014.
  4. Mauritanie : vingt ans de prison ferme requis contre l’ex-président Mohamed Ould Abdel Aziz LeMonde, 2023-10-25.