Monopteros
Ausgesinn

E Monopteros (vum Algriichesche ὁ μονόπτερος - μόνος monos „nëmmen, eenzeg, eleng“, a pteron "Flillek"; Plural Monopteroi, oder Monopteren) ass e Gebai mat Sailen, dat e ronne Grondrëss huet. Uewendrop ass en Daach, tëscht de Saile sinn Duerchgäng.
An der Antiquitéit waren d'Monopteroi ë. a. eng Zort Baldachin fir e Kultbild (gewéinlech e Monument oder eng Statu).
Am Barock an am Klassizismus gouf et e beléift Baumotiv a Landschaftsgäert a Parken.
E puer Monopteren
[änneren | Quelltext änneren]- am Englesche Gaart zu München
- am Kurpark vu Bad Vilbel
- am Schlasspark vun Eutin
- Frühstückspavillon zu Kassel
- am Büsing-Park zu Offenbach am Main
- den Hebetempel am Schlasspark vun Neustrelitz
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ingrid Weibezahn: Geschichte und Funktion des Monopteros. Untersuchungen zu einem Gebäudetyp des Spätbarock und des Klassizismus. Hildesheim 1975, ISBN 3-487-05764-6. Online: (Google Books)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Monopteros – Biller, Videoen oder Audiodateien |