Monument Croix Desban

Vu Wikipedia
D'Monument op der Kräizung bei Tannay

D'Monument Croix Desban ass e Monument vum Zweete Weltkrich op der Gafel vun der Departementale 12 mat der Departementale 30, ronn 1 km südwestlech vun Tannay an de franséischen Ardennen.

D'Monument gouf zu Éiere vum 16. Jeeërbatailloun opgeriicht dat déi Plaz an der Schluecht vu Stonne vedeedegt huet.

De 15. Mee 1940 huet déi 5. Liicht Kavalleriesdivisioun, trotz der Hëllef vun de Spahis, déi der Wehrmacht de Bass zu La Horgne, Louvergny, Chagny a Bouvellemont gehalen huet, misse bis op d'Aisne an de Canal des Ardennes zeréckzéien an de Feind konnt bis bis op Le Chesne a Bairon virumarschéieren.

Nom Engagement vum 16. Jeeërbatailloun aus der 3. Panzerdivisioun, konnt verhënnert ginn datt déi däitsch Truppen iwwer de Kanal, de Bar an d'Bréck vun Tannay weiderréckele konnten. Eng Interventioun vun Tankse B1 bis an H39 konnten déi staark Attacke vum 16. Mee soulaang stoppen, bis d'Brécken zerstéiert waren an d'Wehrmacht et doduerch schwéier hat fir iwwer de Kanal ze kommen.

Bei der däitscher Offensiv vum 23. Mee, ass Tannay vum Norden aus iwwer d'Cote 276 bedreet, wat d'Fransouse forcéiert hir Vedeedegungspläng z'änneren. De Feind réckelt op Tannay weider, a probéiert d'Uertschaft anzekreesen. Eng Intervention vu schwéieren a liichten Tankse wërft de Feind zeréck an den Dall. De 24. Mee lancéiert d'Wehrmacht eng grouss Attack mat 6 Bataillounen, an eruewert Tannay an engem schwéieren Haiserkampf. Eng franséisch Konterattack mat ville Verloschter kann de feindleche Virmarsch virleefeg stoppen, an d'Linn op de Koppen, d'Kräizung bei Tannay a Pont-à-Bar sécheren.