Monument aux morts vun Déiljen

Vu Wikipedia

De Gedenkstee vun Déiljen soll un d'Déiljer Jongen erënneren, déi am Zweete Weltkrich hiert Liewen hu misse loossen.

Et ass e platte Sandsteen op der Baussemauer vun der Déiljer Kierch. Um Stee sinn d'Nimm vun de 4 Krichsaffer agravéiert.