Monument de la réconciliation

Vu Wikipedia
Dat däitscht Monument

De Monument de la réconciliation ass eng kleng Erënnerungsplaz, eng ronn 1.500 m baussent der Uertschaft Stonne laanscht d'Departementale 30, an Direktioun Les Grandes-Armoises.

D'Monument gouf op Initiativ vun däitsche Krichsveteranen a mat Hëllef vun der Gemeng Stonne opgeriicht. Et soll un déi schwéier Kämpf erënneren déi sech wärend der Schluecht vu Stonne do ofgespillt hunn.

D'Monument gouf am Mee 1962 opgeriicht, a reegelméisseg treffe sech op der Plaz franséisch an däitsch Krichsveteranen, fir hir gefale Kolleegen ze éieren. Iwwer dee Geste eraus soll d'Monument en Appel un d'Toleranz, d'Frëndschaft an de Fridde sinn.

D'Monument besteet aus engem klenge marbers Kräiz fir un déi däitsch 16. Infantriesdivisioun z'erënneren, an aus engem véiereckege Granitblock mat enger gosse Reconciliatiounsplack.

Laanscht d'Monument féiert de Circuit historique 1940-45.